Dir hutt gewieltD'Daisy Semedo an de Patrick Raus sinn Är Lëtzebuerger vum Joer

Céline Spithoven
Eng ganz Partie Kandidate goufe vun Iech proposéiert, 6 Fraen a 6 Männer goufen zeréckbehalen an et gouf déi lescht 2 Woche fläisseg gewielt. Elo stinn d'Gewënner fest.
© Céline Spithoven/ Grafik RTL

Heiansdo sinn et Sekonnen, déi alles entscheeden. Sekonnen, an deenen Angscht, Verantwortung a Courage openee treffen. Fir d’Daisy Semedo an de Patrick Raus waren et genee esou Momenter a si hunn d’Liewe vun zwee Mënsche fir ëmmer verännert. Fir hiren aussergewéinlechen Asaz goufe si vun de Lieser an Nolauschterer vun RTL Lëtzebuerg als Lëtzebuergerin an Lëtzebuerger vum Joer ausgezeechent.

Schockmoment am Jugendhaus

De Freideg, den 21. Februar, kuerz no der Ouverture vum Jugendtrëff zu Déifferdeng ass et passéiert. Wat als normale Nomëtteg ufänkt, gëtt bannent Minutten zum Albdram. De Luca, eréischt 14 Joer al, spillt Fussball mat Frënn, wéi et him op eemol schlecht gëtt. Hien iwwergëtt sech, reagéiert net méi an hält op mat ootmen. D’Educatrice Daisy Semedo realiséiert, wéi uerg d’Situatioun ass. Si rifft direkt den 112 un. D’Instruktioune vum Operateur an hiert Wëssen aus dem Éischt-Hëllef-Cours ginn hir Sécherheet an engem Moment, dee sech net real ufillt. Ouni ze zécken fänkt si mat enger Häerzmassage un. D’Daisy bleift roueg a funktionéiert.

Bis de Rettungsdéngscht ukënnt, hält si de Luca um Liewen. Spéider gëtt hie reaniméiert, an an engem Spidol zu Bréissel operéiert. Haut geet et him nees besser. Hien kënnt erëm an de Jugendtreff, spillt Futtball mat senge Frënn an ass de beschte Beweis dofir, dass Éischt Hëllef Liewe rette kann. Dofir fënnt d’Daisy Semedo och, dass Éischt Hëllef e Muss ass a jiddereen esou e Cours maache sollt. Esou eng Situatioun kéint nämlech zu all Moment an iwwerall geschéien.

E Sprong an d’kaalt Waasser

Och fir de Patrick Raus ass Éischt Hëllef e wichtegt Thema. Hie selwer gëtt Coursen an ass aus Iwwerzeegung bei de Beruffspompjeeën. Hie wëll einfach hëllefen a mécht dat all Dag. De 7. Januar, e kale Wanterdag, d’Flëss lafe wéinst staarkem Reen iwwer a beim CGDIS geet eng Depêche eran: Eng Persoun gouf an der Uelzecht gesinn a schwieft a Liewensgefor.

Den 28 Joer ale Beruffspompjee mécht sech direkt op de Wee a leeft d’Ufer op an of. Wéi hien d’Fra am Waasser entdeckt, gëtt séier kloer, dass d’Stréimung staark ass an d’Zäit leeft.

Zesumme mat senger Ekipp preparéiert hien eng spontan Rettungsaktioun. E Seel gëtt fixéiert an de Patrick spréngt an Uniform an dat kaalt, dreckegt Waasser. Eng Entscheedung, déi hie selwer a Liewensgefor bréngt. Trotz der Stréimung an zoppnaasser Uniform geléngt et him, d’Fra Richtung Ufer ze drécken. Si iwwerlieft. De Patrick selwer kënnt nëmme mat grousser Ustrengung zeréck u d’Land. No der Aktioun ass hien staark ënnerkillt a kritt eng Infektioun duerch dat verschmotzte Waasser. Mee wat fir hien zielt: d’Liewe vun engem Mënsch konnt gerett ginn.

D’Daisy Semedo an de Patrick Raus am Interview

Eng Éier fir zwee bescheiden Helden

Weder d’Daisy nach de Patrick gesi sech selwer als Helden. Béid betounen, wéi wichteg Teamaarbecht, Ausbildung an d’Ënnerstëtzung vun aneren an esou Ausnamesituatioune sinn. Den Titel Lëtzebuerger a Lëtzebuergerin vum Joer verstinn si als Zeeche vun Unerkennung. Awer net nëmme fir si, mee fir all déi, déi am Alldag Verantwortung iwwerhuelen, roueg bleiwen an handelen, wann et drop ukënnt.

Zwee Mënschen, déi net gezéckt hunn. Zwou Entscheedungen, déi Liewe gerett hunn. An eng staark Erënnerung drun, dass e bësse Courage heiansdo eng enorm Wierkung huet.

Wie krut bis elo den Titel “Lëtzebuergerin” a “Lëtzebuerger vum Joer”?

2024: Mike Dickes (wéinst Zivilcourage) an d’Chantal Keller (blëtz a.s.b.l.)
2023: Georges Klepper (ALS-Patient) an Jakkie Paulus (Benevole beim Groupe Support Psychologique
2022: Karen van Hout (Ambulanz Wonsch) an Dr. Bernard Thill (Médécins du Monde)
2021: D’Leit aus dem Gesondheets- an dem Fleegesecteur
2020: D’Leit aus dem Gesondheets- an dem Fleegesecteur
2019: Jenny Warling (Karate) a Remy Eiffes (Zaldot)
2018: Gwen Daufeld (Aarbecht mat Demenzkranken) a Jeff Herr (Wonschkutsch)
2017: Martine Kohl (Street Angels) an André Bichel (Polizist)
2016: Nathalie Scheer (ALS-Patientin) a Marcel Steffen (Polizist)
2015: Yasmine Grisius (Polizistin, posthume Präis) a Jean Asselborn (Ausseminister)
2014: Noémie Siebenaller a Camille Arend (zweemol e posthume Präis, well déi 2 Mataarbechter vun “Le soleil dans la main” ware bei engem Fligeraccident an Afrika ëm d’Liewe komm)
2013: Sylvie Conter (Riichterin) a Gaston Vogel (Affekot)
2012: Eliane Leger (Infirmière) a Romain Hilbes (Buschauffer a Liewensretter)
2011: Xavier Bettel (Stater Buergermeeschter)
2010: Andy Schleck (Vëlosfuerer)
2009: Andy Schleck (Vëlosfuerer)
2008: Jean-Claude Juncker (Premier)

Eréischt zanter 2012 ginn d’Lëtzebuergerin an de Lëtzebuerger vum Joer an zwou getrennten Ofstëmmunge gesicht.

Back to Top
CIM LOGO