D'Nina Van Maris proposéiert Survival-Challengë fir jiddereen, déi ee stäerke sollen. No 4 Joer um Härebierg koum de Mann mam Hummer an de Kierper wollt net méi. D'Resultat waren zwee Joer am Spidol. 'Vun der Partymaus zur Wandermaus' beschreift déi nächst Schrëtt. D'Nina wollt sech a sengem Kierper eppes Guddes dinn an huet gläichzäiteg Challengë gebraucht, fir ze weisen, ech sinn nach do a meng Been a mäi Kapp funktionéiere rëm. Elo organiséiert si 'Survival-Challengen' fir Gruppen nieft der ofwiesslungsräicher Aarbecht als Giischtjen.

De Leo Wagner boxt zanter 9 Joer a lieft elo an Thailand, wou hie sech op 'Muay Thai' spezialiséiert huet. Mat 13 Joer war et nach Futtball, dräi Joer méi spéit koum de Kampfsport a säi Liewen, an aus dem Boxe gouf elo 'Muay Thai'. Fir dat méi intensiv ze trainéieren, ass hien am Thailand wunne gaangen an zelebréiert dee Sport. Zanter August 2025 ass hie Profi an huet bei sechs Kämpf véier Mol gewonnen. Donieft huet hie mat engem Kolleeg d'Mark 'WarriorWear' gegrënnt. Säi groussen Dram ass et am 'Rajadamnern Stadium' ze kämpfen, an éischter wëll hien och net op Lëtzebuerg zréck.

Den Dokter Marc Keipes huet e 'Low Carb' Kachbuch mat 90 richteg gudde Rezepter erausbruecht. Hei geet et net drëms, fir laang Kalorien ze zielen, sech ze quälen an ze péngegen, fir ofzehuelen. Mam Buch kann ee mat Genoss iessen an awer bonzelen d'Kiloen. Ofhuelen ouni Jo-Jo-Effekt dat gëtt et, wann ee weess wéi een dat maache muss, fir net vun der nächster Hongerattack erwëscht ze ginn. Aktuell gëtt et d'Buch vum fréieren Direkter vum 'GesondheetsZentrum' an zwou Sproochen. Op Franséisch an Däitsch fënnt een d'Rezepter fir nozekachen an donieft Fotoen, déi engem Loscht maachen.
