
Déi summerlech Temperaturen lackelen d'Leit uechter Europa den Ament un d'Plage. Am franséische Baskeland gëtt et dëst Joer awer nach eng zousätzlech Attraktioun, déi virop Touriste begeeschtert.
Eng iwwer zwee Meter laang Delfin-Madamm huet sech Mëtt Oktober an der Bucht vu Saint-Jean-de-Luz néiergelooss a sicht zanterdeem reegelméisseg de Kontakt mat de Leit am Waasser - ob elo Schwëmmer, oder Stand-Up-Paddler. D'Spectateure si begeeschtert dovunner, ma Déiereschützer maache sech Suergen, wat dës Heemelegkeet op laang Siicht fir d'Déier kéint bedeiten.
"D'Verhale vu ville Leit ass leider problematesch. Et kënnt ëmmer nees zu Usammlungen, bei deenen den Delfin ëmzéngelt gëtt", esou d'Mieresfuerscherin an Ëmweltbeoptraagt vun der Stad, d'Pascale Fossecave. Dat kéint zu geféierleche Situatioune féieren.
De gréisste Probleem wier et, wann d'Déier sech ze vill un den Ëmgang mam Mënsch géif gewinnen an kee Fluchtreflext méi hätt, wann zum Beispill Booter oder Jet-Schi an der Géigend sinn. Et sollt een den Delfin dowéinst op kee Fall encouragéieren, och emol net, wann e vum selwen méi no kënnt.

Tatsächlech kënnt dat wuel méi dacks vir: eng sëllege Fotoen a Videoen am Internet weisen, wéi den Delfin sech mat aller Rou tëscht Schwëmmer beweegt, oder laanscht de Bord vun engem Stand-Up-Paddleboard sträift. "Erstaunlech, beweegend, verréckt", esou eng Fra op Instagram. "Op Korsika hu mir een Dag um Boot verbruecht, an der Hoffnung, Delfinen ze gesinn. Hei komme se direkt bei eis geschwommen, wéi wa se "Moie" soe wéilten."
Déi ronn 200 Kilo schwéier Delfin-Madamm ass den Experten no wuel tëscht sechs an aacht Joer al an ass domat nach net erwuessen. Firwat d'Déier eleng an der Buch ass, ass net kloer - normalerweis liewen Tümmler a Schoule vu bis zu 15 Delfinen. Der Mieresfuerscherin Fossecave no kéint den Delfin aus senger Grupp ausgeschloss gi sinn.
D'Stad vu Saint-Jean-de-Luz huet antëscht Schëlder op der Plage opgeriicht, fir d'Leit dozou opzeruffen, sech vum Delfin fortzehalen. Konkret ass et verbueden, dem Déier méi no wéi 100 Meter ze kommen, mat ëm ze schwammen, et ze ëmkreesen, unzepaken, ze fidderen oder ëm mat engem Boot de Wee ze blockéieren. Wie sech net dorun hält, kéint eng Geldstrof vu 750 Euro kréien.
D'Mieresfuerscherin Fossecave hofft, datt d'Déier d'Bucht iergendwann vum selwe verléisst - idealerweis virum Summer, wa sech d'Plage vu Saint-Jean-de-Luz mat Touriste fëllt.
kol/gt