Fir d‘Rentrée 2030Neie Bouneweger Lycée setzt op modern an nohalteg Infrastruktur

Chris Meisch
Zu Bouneweg ass en Dënschdeg den éischte Grondstee fir den Ausbau vum Neie Bouneweger Lycée geluecht ginn, deen hannert de Gebailechkeete vum aktuelle Gebai gebaut gëtt.

Den Ament gi ronn 1.500 Schüler zu Bouneweg an de Lycée. Dat aktuell Gebai wier dem Direkter no ewell schonn no der Konstruktioun 1989 ze kléng gewiescht. Den neie Campus soll op bal sechs Hektar entstoen a Plaz fir ronn 2.150 Schüler bidden.

Grondsteen Neie Bouneweger Lycée 7- Reportage Chris Meisch

D‘Kärstéck vum neie Campus sinn déi zwee Haaptgebaier, mam sougenannten Nord- a Südtuerm op 5 Stäck. Nieft moderne Klassesäll sinn och Sportinfrastrukture mat enger Schwämm, Atelieren, eng Schlässerei, kollaborativ Léierraim a Strukture fir d’Wuelbefanne vun de Schüler geplangt, grad ewéi speziell Formatiounskichen a Schoulrestauranten, wou Schüler praktesch ënner reelle Konditioune kënne schaffen a léieren. Fir de Mike Borschette, Direkter vum Bouneweger Lycée, gëtt net just den éischte Grondstee fir den Ausbau vum Bouneweger Lycée geluecht, mee och dee fir d‘Zukunft vun de Schüler an dem Schoulpersonal.

„Dat gëtt een immense Push fir jiddereen, well ech mengen, mir sinn eng Schoul, déi een immensen Zesummenhalt huet. Mir sinn zu 1.500 Schüler aktuell um Site, mat knapp 200 Enseignanten an nach eemol 100 Personal. Dat ass schonn eng grouss Famill, wëll et ass eng Famill, déi hei gelieft gëtt, an elo an nei Raimlechkeete kënnen ze goen, en neit Gebai ze kréien, eng méi grouss Sportinfrastruktur, endlech Plaz fir dat, wat mir wëllen ausliewen, mir sinn immens frou an déi ganz Gemeinschaft freet sech drop.“

Grondsteen geluecht fir den Neie Bouneweger Lycée
Den neie Campus soll op bal 6 Hektar entstoen. Den Direkter Mike Borschette erkläert d'Detailer.

Am Fokus steet eng méi no Begleedung vun de Schüler, virun allem duerch eng Organisatioun a sougenannte „Clusters“ fir déi ënnescht Klassen, wéi den Educatiounsminister Claude Meisch erkläert.

„Eng richteg Innovatioun ass, dass an den ënneschte Klassen, vu 7ième bis 5ième méi oppe geschafft gëtt, dass mir do och méi oppe Raim hunn, wou d‘Collaboratioun tëschent den Enseignanten an de Schülerinnen a Schüler vill méi staark ass, a wou mir och domadder ee Kontext setzen, wou mir an den éischte Joren, wann d‘Kanner an de Lycée kommen, vill méi intensiv kënne begleet ginn, fir dass si richteg gestäerkt ginn, wann si duerno op hir Sektioun ginn.“

Nieft dem pedagogesche Konzept gouf och vill Wäert op Nohaltegkeet a Mobilitéit geluecht. De Site soll optimal un den ëffentlechen Transport ugebonne ginn, mam Tramsarrêt no bäi. Och Vëlosinfrastrukture solle weider ausgebaut ginn. Beim Bau selwer, esou d‘Yuriko Backes, Ministesch fir ëffentlech Bauten, setzt een op en nohaltegt Konzept.

„Hei gëtt mat nohaltege Materialie geschafft, ganz vill mat Holz, och mat recycléiertem Bëtong. Photovoltaik gëtt agesat, Wärmepompele ginn agesat, d‘Energiekonzept ass hei wierklech ganz wichteg.“

Den neie Campus vum Bouneweger Lycée wäert iwwer 300 Milliounen Euro kaschten. Déi héich Käschten erkläre sech ënner anerem duerch déi vill spezialiséiert Atelieren a Sportinstallatiounen.

Wann d‘Aarbechte vum neie Bouneweger Schoul-Campus fäerdeg sinn, wäert dat aktuellt Schoulgebai net ofgerappt, mee komplett sanéiert ginn, fir an Zukunft weider pedagogesch Offeren um Site kënnen z’integréieren.

Back to Top
CIM LOGO