Lëtzebuerg erhéicht Verdeedegungsausgaben“Eng raisonnabel Äntwert op déi geopolitesch Situatioun“

Pierre Weimerskirch
D’Regierung wëllt den Effort an der Verdeedegung all Joer ëm 0,1 Prozent erhéijen. Bis 2029 géif Lëtzebuerg esou op 2,3 Prozent vum Bruttonationalakommes kommen.
© Lëtzebuerger Arméi / Laurent Bemtgen

No der Annonce vum Premier Luc Frieden an der Ried zur Lag vun der Natioun huet d'Verdeedegungsministesch Yuriko Backes e Mëttwoch an der zoustänneger Chamberkommissioun Detailer iwwer déi nei Verdeedegungsstrategie presentéiert.

An engem Schreiwes un d'Press informéiert de Verdeedegungsministère, dass d'Regierung decidéiert huet, den Effort an der Verdeedegung all Joer ëm 0,1 Prozent ze erhéijen, op d'mannst bis 2029.

202720282029
Trajectoire2,1 %2,2 %2,3 %
Ausgaben a Milliounen Euro1.3731.5131.665

Dat géif engem Verdeedegungsbudget vu ronn 1,66 Milliarden Euro am Joer 2029 entspriechen.

"Eng raisonnabel Äntwert op déi geopolitesch Situatioun"

Fir d'Ministesch Yuriko Backes ass dës Entwécklung eng Konsequenz vun der aktueller internationaler Lag.

"Dës Entwécklung vum Verdeedegungseffort ass eng raisonnabel Äntwert op d'Erausfuerderunge vum geopolitesche Kontext."

Déi nei Strategie orientéiert sech un den Engagementer fir d'NATO. D'Alliéiert hate sech 2025 zu Den Haag engagéiert, bis 2035 insgesamt 5 Prozent vum PIB respektiv Bruttonationalakommes an d'Verdeedegung a Sécherheet ze investéieren.

Investissementer an Arméi, Cyber a Weltraum

D'Sue sollen ënner anerem an nei militäresch Fäegkeete fléissen. Am Communiqué gëtt de Belsch-Lëtzebuerger Reconnaissance-Batailloun, d'Loftofwier an déi integréiert Rakéitenofwier genannt.

Gläichzäiteg wëllt d'Regierung och op Secteure mat wirtschaftlechem Potential setzen, zum Beispill d'Cybersécherheet oder Weltraumtechnologien. De Fokus soll do virop an der Fuerschung leien.

Ënnerstëtzung fir d'Ukrain bleift Prioritéit

E weidere wichtege Punkt bleift d'militäresch Ënnerstëtzung fir d'Ukrain. "D'Verdeedegung vun Europa fänkt an der Ukrain un", esou d'Verdeedegungsministesch.

D'Regierung wëllt d'Trajectoirë bis 2029 festleeën. Duerno soll déi nächst Regierung, no de Walen 2028, decidéieren, wéi et virugeet.

Back to Top
CIM LOGO