De Patrick Michaely ass den Direkter vum Naturmusée a freet sech dëse Weekend op d'Museum Days. E Samschdeg an e Sonndeg maachen nees 36 Muséeën aus dem Land fir de Public hir Dieren op a lackele Kleng a Grouss mat aussergewéinlechen Aktiounen. Am Gronn gëtt et beispillsweis déi nei Expo animalECH, mat Biller vum Jean-Marie Guillaume ënnert dem Numm 'Rien n'est ce qu'il semble être'. Et gëtt en Atelier Taxidermie an eng Danzperformance ënnert dem Motto 'Insect'.

De Brian CA ass Dänzer a Choreograph a schafft ëmmer nees ongewéinlech Programmer aus. 'Akroama' ass en Danzspektakel, deen en Donneschdeg um 20h am Trifolion Première huet. E setzt sech mat sozialer Gerechtegkeet an den Ongläichheeten auseneen. An de Stull oder vill méi déi verschidden Zorten Still spillen eng grouss Roll. Hei gëtt gewisen, wéi een an eiser Gesellschaft seng Plaz fënnt, wann een am richtege Sënn vum Wuert kee Stull ugebuede kritt.

Muer ass d'Finall vum ESC, deen dëst Joer seng 70 Joer feiert. Leider spillt Lëtzebuerg bei dësem Anniversaire keng gréisser Roll méi, well bei der zweeter Halleffinall en Donneschdeg huet d'Eva Maria mam Lidd 'Mother Nature' de Sprong net gepackt. Déi excellent Performance op der Bün an der Stadthalle Wien huet net genuch Stëmme beim Public an de Juryen fonnt an sou ass den Dram fir Lëtzebuerg ausgedreemt. Déi emotional Momenter vu Wien mam Loïc Juchem a Raoul Roos.
