
De Gast Waltzing feiert e Mëttwoch seng 70 an der Philharmonie. Hien ass bekannt als Trompettist, dirigéiert reegelméisseg de philharmoneschen Orchester a suergt fir déi grouss Concerten um Belval oder der Kinnekswiss. Den eenzegen Grammy-Gewënner, dee Lëtzebuerg huet, schreift awer och de Soundtrack fir Filmer a Serien wéi 'Die Küstenwache' oder 'Polizeiruf 110'. Als Proff am Conservatoire huet hien jorelaang dem Nowuess eng Chance ginn a kennt Gott an d'Welt wéi 'Alphaville', mat deenen hien op Tournée war oder d'Dee Dee Bridgewater, Patricia Kaas, Amy MacDonald, James Morisson oder Gregory Porter, mat deenen hie grouss Optrëtter hat. Nächste Mëttwoch feiert hien an der Philharmonie mam Angélique Kidjo, Dobet Gnahoré, Maggie Parke an dem Jazz-Museker Kyle Eastwood, Fils vum weltwäit bekannten Oscar-Gewënner.

De Mike Lorang freet sech op déi 75. Editioun vun der 'Flèche du Sud'. Zanter 1949 gëtt se organiséiert, mat Ausnam vun 1950 an déi 2 Joer vun der Pandemie. An dëst Joer gëtt an der Klass 2.1 gefuer, wat déi eenzel Etappen nach méi interessant mécht wéi déi Jore virdrun. Kuckt een zréck, dann denkt een un grouss Nimm wéi de Charly Gaul, Edy Schütz, Acacio da Silva, Alex Zülle, Kim Kirchen, Andy Schleck a Bob Jungels. Dëst Joer dierf ee sech op Lëtzebuerger Säit apaart op de Loïc Bettendorf, Noé Ury a Pol Bresser freeën. Bei den Ekippe stiechen Team Visma | Lease a Bike respektiv EF Education-Nippo Development eraus, déi versichen, sech op deene 5 Etappen sou vill wéi méiglech ze weisen an e gutt Resultat erauszefueren.

Den Akylas Mytilineos ass Joergang 1999. Hie vertrëtt déi griichesch Faarwe beim ESC zu Wien als 'Akylas'. Scho ganz fréi huet hien an der Museksschoul déi éischt Schrëtt gemaach an huet bei Theater-Workshoppen participéiert. Zu Thessaloniki huet hie Kache geléiert an a verschiddene Restaurante geschafft, ier hien op Croisièren als Sänger opgetrueden ass an op Athen geplënnert ass. Säin Duerchbroch hat hie bei 'The Voice of Greece' an 2021 ass seng Debutsingle erauskomm. Beim ESC-Casting huet hie Public a Jury gläichermoossen begeeschtert an elo ginn him grouss Chancen op den Titel beim ESC virausgesot. Mat sengem Lidd 'Ferto' muss hien awer elo fir d'éischt en Dënschdeg an der éischter Halleffinall iwwerzeegen.
