Si war 1965 déi zweet Fra, déi jeemools an d’Chamber gewielt gouf a war deemools och ganz eleng mat lauter Männer.
“Eigentlech ass et mer ëmmer besser gaangen, wéi nach just Männer an der Chamber waren, well Frae sinn net ëmmer fein mat de Fraen, wësst der, an der Politik och net.”
1965 goufen et nach keng Männertoiletten an der Chamber. Dofir hat de President vun der Chamber decidéiert, fir e Paravent z’installéieren.
“Well si gemengt hunn, soss géing ech do kucken oder si géinge sech ëmdréinen a Moien soen. Dat hätt mir awer guer näischt ausgemaach. Ech hat jo dräi Bridder.”
D’Politikerin souz ganz laang fir d’CSV am Europaparlament. 2014 hat d’CSV decidéiert, fir si net méi mat op d’Lëscht ze huelen. Deemools hat si 85 Joer.
“Ech wier gären nach bliwwen an ech war och amstand, dat ze maachen an ech hätt och nach méi fäerdeg bruecht wéi déi, déi do waren.”
D’Astrid Lulling war, nieft dem Colette Flesch an der Stad, och nach déi éischt Buergermeeschtesch am Land, an dat zu Schëffleng. Firwat si deemools als Gemengemamm verurteelt gouf a firwat si méi spéit och aus der LSAP erausgeheit gouf, verréit se um Späicher. Do ass och rieds iwwer Lëtzebuerger Lidder a Kommunisten zu Lëtzebuerg.