
Als Zeeche vun der Unerkennung fir säin Engagement a seng Ënnerstëtzung als Kommandant vun der Arméi krut de Grand-Duc Henri en Donneschdeg e Motorradshelm an de Faarwe vun der Famill Nassau iwwerreecht.
De fréiere Staatschef huet Offizéier vun der Arméi an och Membere vum Comité vun der Association Professionnelle des Officiers Luxembourgeois (APOL) op d’Schlass Bierg empfaangen, a bei dëser Geleeënheet hunn d’Lieutnants-Colonellen Schaber, Lesch a Lamesch him de Cadeau iwwerreecht.
Wéi op Fotoe vun der Iwwerreechung ze gesinn ass, huet de Grand-Duc Henri sech iwwer den Helm gefreet a senge Gäscht duerfir Merci gesot.