No der "Joyeuse Entrée" zu Esch a virun de nächste Rendez-vouse mat der groussherzoglecher Koppel zu Wuermer am Hierscht, a Biekerech a Miersch nächst Joer, hat Ëlwen sech e Freideg erausgefiizt.
D'Veräiner aus dem Éislek wéi d'Scouten a Museken, mee och lokal Prominenz an interessant Acteuren, déi am Norde schaffen a liewen, hate sech afonnt, fir de Grand-Duc Guillaume a seng Fra Stéphanie ze begéinen.
Ënner hinnen de Schäffen an Zeremoniëmeeschter Guy Henckes, de Grënner vun der "Luxembourg Air Rescue" René Closter, de Moler Jean-Marie Biwer an de Patron vum Shopping-Center Massen, deen déi weltgréisst Steyer-Traktersammlung huet.

Als Argent diffcile mellt de Philippe Esch sech op TikTok an Instagram reegelméisseg ze Wuert an dat gefält sengen Dausende Follower. Seng Manéier, seng Themen, säin Optrëtt a säin Dress bréngen et mat sech, dass hien opfält. Vu Sport, iwwer Lëtzebuerger Wieder, prominent Perséinlechkeeten a Geldspiller geet seng Bandbreet an et freet ee sech, wat do nach alles kënnt. Aktuell huet hie 16.000 Follower op Instagram, 17.000 op TikTok an op YouTube kennt een hien och.

De Robert Medjugorac kennt de Parcours vun der Garçons-Course e Samschdeg zu Esch-Sauer. Eng al Traditioun gëtt nees opliewe gelooss mat engem Kannerlaf um 14 Auer, ier déi Erwuessen dee selwechte Wee mat villen Obstakelen zréckleeë mussen, bei deem natierlech op d'Zäit gekuckt gëtt. Als Highlight sinn d'Promien um 17:30 Auer am Asaz, ënner hinnen d'Tilly Metz, d'Martine Hansen, d'Flore Schank, d'Martine Kemp, de Jean-Paul Schaaf an de Jeff Boonen an de Paul Galles. Géint 19 Auer moossen déi Bescht sech nach emol matenaner.
