Fro den AffekotFuttball a gutt Wieder gëtt Kaméidi

Bob Konsbruck
Besonnesch bei waarmem Wieder sëtzen d'Leit op der Terrass, hunn Dieren a Fënsteren op a loossen hiren Emotioune fräie Laf.
© Emile Mentz

An der Rubrik "Fro den Affekot" am RTL-Wecker huet de Jurist Maître Jean-Jacques Schonckert erkläert, wat zu Lëtzebuerg gëllt.

Nuetsrou respektéieren

Prinzipiell kënne Gejäiz, haart Musek oder anere Kaméidi als "tapage nocturne“ ugesi ginn, wa se d'Rou vun den Nopere stéieren. Als Nuetszäit gëllt allgemeng d'Period tëscht 22:00 Auer owes an 07:00 Auer moies.

Wann de Kaméidi esou haart ass, datt d'Noperen an hirer Rou gestéiert ginn, kann d'Police geruff ginn. Am schlëmmste Fall kënnt et dann zu enger Geldstrof. Zousätzlech kënnen eenzel Gemengen eegen Dispositiounen a Sanktioune virgesinn.

Beim Feiere mam Auto gëlle Reegelen

No engem Match gesäit een heiansdo Auto-Cortègen duerch d'Stroosse fueren. Dobäi gëtt och gäre getut a genee do heescht et oppassen.

D'Tut vum Auto ass nämlech en "Avertisseur sonore“ an däerf am Fong nëmme benotzt ginn, fir op eng Gefor opmierksam ze maachen. Fir Freed iwwer eng Victoire auszedrécken ass d'Tut net geduecht. Och hei kënnen am Fall vun engem Verstouss Geldstrofen ausgeschwat ginn.

Fir d'éischt den Dialog sichen

Net all Kaméidi bedeit awer direkt, datt d'Police muss agräifen. De Maître Schonckert réit dozou, fir d'éischt d'Gespréich mam Noper ze sichen. A ville Fäll géif eng frëndlech Bemierkung duergoen, fir d'Situatioun ze berouegen an de Kaméidi ze reduzéieren.

Eréischt wann dat näischt bréngt oder d'Situatioun eskaléiert, soll een déi zoustänneg Autoritéiten aschalten.

Feieren jo, mee mat Mooss

D'Conclusioun ass einfach: Fussball an Emotioune gehéieren zesummen. Et ass also näischt dogéint anzewenden, wann no engem Gol oder enger Victoire gefeiert gëtt. Wien awer bis spéit an d'Nuecht era Kaméidi mécht oder de ganzen Quartier mat Tuten alarméiert, riskéiert Problemer.

Feieren ass erlaabt – soulaang een dobäi och un d'Noperen an un d'Reegelen denkt.

Back to Top
CIM LOGO