Nationale FuttballHesper an Nidderkuer kréie keng UEFA-Lizenz

RTL Lëtzebuerg
Déi Lëtzebuerger Futtballfederatioun huet dëst an engem Communiqué matgedeelt. Mat Oplage krute béid Veräiner awer déi national Lizenz.
Am Nidderkuerer Stade Jos Haupert ginn d'nächst Saison keng international Matcher gespillt.
© Val Wagner

Am Futtball kruten Nidderkuer an Hesper keng UEFA-Lizenz fir déi nei Saison. Dat huet déi Lëtzebuerger Futtballfederatioun e Mëttwoch annoncéiert. An éischter Instanz kruten 11 vu 16 Veräiner dës, wéi och déi national Lizenz. Mat Diddeleng, Kanech a Rodange koumen der elo am Appell nach 3 dobäi. De Progrès an de Swift hunn d‘Konditiounen awer net erfëllt.

Déi national Lizenz, déi bedeit, datt een iwwerhaapt mol um Championnat kann deelhuelen, krute béid Clibb awer mat Oplagen. Hesper trëfft et besonnesch haart. Am Ganze muss de Swift 20.000 Euro Strof bezuelen a kritt an der neien Saison am Ganzen 12 Punkten ofgezunn, ënnert anerem well Salairen net bezuelt goufen. Nidderkuer krut eng Geldstrof vun 1.500 Euro.

Donieft hunn d'US Feelen, den FC Schëffleng an d'Alisontia Steesel aus der Éierepromotioun keng national Lizenz kritt.

Communiqué vun der FLF:
Hesper an Nidderkuer kréie keng UEFA-Lizenz

Back to Top
CIM LOGO