FLF-Kader fir Matcher géint Italien an Albanien28 Spiller nominéiert, Leandro Barreiro op eegene Wonsch net dobäi

Jeff Kettenmeyer
Am Virfeld vun den zwee Frëndschaftslännermatcher heiheem géint Italien an auswäerts an Albanien huet de Nationaltrainer Jeff Strasser en Donneschdeg säi Kader presentéiert.
© Jeff Kettenmeyer

Net mat dobäi ass ënnert anerem de Leandro Barreiro, ee vun den Haaptpiliere vun der FLF-Formatioun. De Spiller vu Benfica ass liicht ugeschloen an huet zesummen mat sengem Veräin gefrot, fir déi 2 Matcher net selektionéiert ze ginn, fir nees ganz fit ze ginn. Donieft ass den Jayson Videira och blesséiert a kann net am Kader dobäi sinn.

Et sinn och 4 amplaz 3 Golkipper nominéiert, dat well den Antony Moris och nach un der Schëller muss ënnersicht ginn an den Tim Kips deemno nieft Moris, Pereira a Fox nominéiert ass. Nei oder nees no méi laanger Zäit dobäi sinn den Helmer Tavares, de Miguel Goncalves, den Diego Duarte, den Leon Elshan an den Hamza Kadamani. Am Ganze sinn den Ament 28 Spiller nominéiert, fir d'Matcher wäerten awer nach eng Partie Spiller ënnert anerem bei d'U21 goen.

De Jeff Strasser sot op der Pressekonferenz och, datt "de Problem" mat den duebelen Nationalitéite vun de Spiller reell wier an net ze evitéieren, mä datt d'Spiller mussen ee Choix huelen an deen och net änneren. Dat war beim Fabio Domingos bei de leschte Matcher géint Malta schif gaangen, well dësen den Dag no der Selektioun sech fir de Cap Vert decidéiert hat.

Wat de Match géint Italien ugeet, géif ee sech effektiv éischter eng méi jonk Ekipp erwaarden, well den Trainer Silvio Baldini déi jonk extreem gutt kennt. Mä egal wéi vill gestanen Topspiller nach géife matkommen, hätt Italien méi eng héich Qualitéit um Pabeier, wéi déi Géigner, déi an der Nations League géife waarden.

Lëtzebuerg spillt den 3. Juni um 20:45 Auer am Stade de Luxembourg géint Italien an 3 Deeg drop auswäerts um 20 Auer an Albanien.

Fannt hei de Kader am Detail

Béid Matcher kënnt Dir wéi gewinnt op der Tëlee, op RTL.lu an op RTL Play kucken.

Back to Top
CIM LOGO