
E Mëttwoch huet fir d'Patrizia van der Weken zu Savona an Italien d'Saison dobaussen ugefaangen. No enger intensiver Virbereedung mat Stagen am Ausland an zu Lëtzebuerg konnt ee virwëtzeg sinn, wéi et mat der Form vun der Sportlerin vum Joer am Ufank vun der Saison steet. U Konkurrenz huet et net gefeelt mat der Präsenz vun der Indoorweltmeeschterin Zainab Dosso. Eiser Sprinterin hir Beschtzäit ass zwou Honnertstel besser wéi déi vum italieenesche Superstar.
Am klenge Stadion vu Savona ginn et zwou 100 Meter-Piste mat entgéintgesate Richtungen, Den Organisateur kann deemno decidéieren, wat fir eng am gënschtegsten ass fir d'Athletinnen an Athleten, jee nodeem wéi staark de Wand ass an a wéi eng Richtung e bléist.
E Mëttwoch si se op der entgéintgesaten Säit vun der Tribün gestart. Dat ass natierlech manner spektakulär fir d'Zuschauer, besonnesch well zu Savona absolut keng Plaz fir Spectateuren op där Säit ass. D'Patrizia ass an der éischter Serie gelaf, zesumme mam Dosso, an huet sech hannert der Weltmeeschterin, zäitgäich mat der Ungarin Takacs an 11'28'' fir d'Finall qualifizéiert.
Déi Finall gouf vun der Favorittin Dosso gewonnen (11'07'') an d'Patrizia koum als Drëtt un an enger Zäit vun 11'18'', hannert der Englänerin Imani Lansiquot.