De Milow kënnt nächste Sonndeg als Haaptact op d'Kinnekswiss. De belschen Sänger vun Antwerpen, deem seng Lidder weltwäit zu Ouerewierm gi sinn, zitt et reegelméisseg op Lëtzebuerg. De Singer/Songwriter hat e Mega-Succès mat der Coverversioun vun 'Ayo' a war Member bei 'Sing meinen Song' op VOX. "My Lucky Day" ass säin neisten Song, deen d'Qualitéit huet e Summerhit ze ginn. Dat Lidd wäert och bestëmmt e Sonndeg 5. Juli am Kader vun 'Kinnekswiss loves' ze héieren sinn, nieft all sengen aneren groussen Hitten.

D'Kelly Niesen ass Fashionjournalistin a lieft zanter 14 Joer zu Berlin, wou si zanter 2017 als fräiberufflech Moudejournalistin schafft. Hir éischt Schrëtt waren als Synchonspriecherin vu Kannerfilmer beim Jang Linster, ier si zu London, Brighton a Berlin déi Studie gemaach huet, fir hirem Dramjob nozegoen. Haut schreift si a Magazinen an Zeitungen iwwer déi neisten Trends an Entwécklungen an der Moudenindustrie an analyséiert Moudekollektioune bei den internationalen Fashion Weeks a schwätzt mat Designer an Acteuren vun der Branche.

De Guy Bertemes ass Extremschwëmmer a sicht nei Challengen, dobäi huet seng sportlech Karriär mam Lafen ugefaangen. Vun 1989 bis 1994 war hien an der Haaptsaach u Coursen a beim Triathlon ageschriwwen. 2013 huet hien no enger Verletzung beim 'Master Tour de Luxembourg' matgemaach, wou et 320 Kilometer ronderëm d'Land goung. 2017 war dem Guy säin Debut beim Extremschwammen, wou hien net méi lasskoum. D'24 Stonnen zu Oochen waren déi éischt vu villen Epreuven. Hie versicht och reegelméisseg, seng sportlech Erausfuerderunge mat soziale Projeten ze verbannen, a krut 2026 d'Goldmedail an de 'Brevet Sportif National'.

De Christian Lavey ka Gedanke liesen a war elo op Tournée. Ronn 200 Mol am Joer steet hien op enger Bün an iwwerrascht d'Leit mat sengen Tricken als Magier oder Mentalist. An alles huet 2010 bei 'Wann s de eppes kanns!' op RTL ugefaangen. Seng 4 Bicher goufen an 26 Länner verkaaft, hien huet Optrëtt op 6 Kontinenter, ass reegelméisseg op Croisièresschëffer ze bewonneren oder huet Optrëtt op groussen Festivallen an der Welt. De Christian steet souguer am Guinessbuch vun der Weltrekorder mat der 'Longest Variety Night' zu Würzburg.
