
Den Auteur, deen déi lescht Jore mat Buchpräisser praktesch iwwerschott gouf, zielt, dass hie bis op Deuxième Massendénger war an ëmmer gär, wann och net gutt, gesongen huet. Am 'Café des artistes' gëtt hien zou, d'Gewënner aus de Lousen erausgefëscht ze hunn, ier hie se verkaaft huet. Mam Dan Spogen, Raoul Roos a Mike Fandel kuckt hien zréck op seng Kabaretsvergaangenheet, wou hie mam Jemp Schuster duerch d'Land gezunn ass an erkläert säi kritesche Bréifaustausch mat de Ministèren. De Streik vun 1971, seng Léift zu de Beatles, eng Präisiwwerreechung, déi hie verpasst huet a wéi hie mam Auto an e Kanal gefall ass an e gudde Schutzengel hat, sinn alles Geschichten, déi zu sengem Liewe gehéieren.
Piano: Marc Schmidt
Wann der am “Café des artistes” wëllt live derbäi sinn, da maacht elo en SMS op de 62468 (50cent/SMS) Stéchwuert “Afterwork"+ Ären Numm.
De komplette Podcast fannt Dir op iTunes, Spotify an op RTL Play.