An deem Kontext war d’Monique Kater e Gaart zu Schraasseg kucken, wou d’Rousen am Mëttelpunkt stinn. Op 50 Ar gesäit een hei eng Abberzuel Rousen-Zorten. Därer aus der Réimerzäit an därer, déi nach net esou bekannt sinn.
Wann ee mat der Damm schwätzt, déi hei lieft a sech mat hirem Mann ëm hire fantastesche Gaart këmmert, spiert een d’Rouse-Passioun."Ugefixt”, wéi d’Jugend dat géif soen, gouf si am Gaart um Titzebierg a sengen ale Lëtzebuerger Rousen. Esou eppes wollt d’Nicole Trossen dunn och, ronderëm d’Haus, 2009 war dat.
An dëst ass d’Resultat, mat dobäi, méi Onbekanntes, wat net klëmmt, mä sech ukrämpt. An dat, esou seet déi passionéiert Rousegäertnerin, si Rousen, déi een a Beem ka wuesse loossen. Hire Still ka 7 bis 10 Meter laang ginn.
Wéi vill Zorte si hei wuessen hunn, wéisst si net, ëmmer nees probéiert si ze zielen, mee ëmmer nees muss si opginn. Eng Liblingsrous hätt si u sech och net, sou déi houfreg Rouse-Madamm, mä un enger Zort läit hir dann awer e klengt Stéckelche méi. Eng vun den eelste Rousen, déi am Grand-Duché an de Commerce komm sinn. “La Nobless” esou den Numm vun der Rous, koum 1856 an de Verkaf. Si koum wuel aus Frankräich, wou de Jean Soupert seng Léier gemaach huet. Dësen, ee vun den éischte Lëtzebuerger Rousenziichter, deen hei am Land an iwwer eis Grenzen eraus bekannt ginn ass, huet se du vun hei aus vermaart.
A wien elo nach ëmmer keen Intressi huet, u Patrimoine, u Lëtzebuerger Vergaangenheet, kritt es vläicht duerch dëst, méi däischtert Kapitel vu Schraasseg. Genee do, do wou elo wonnerschéi Rouse bléien, kéint e Lieu de Mémoire sinn, well hei e Reichsarbeitsdienstlager war. Dëst gouf Mëtt 1942 hei installéiert, dat vu Jongen, déi vu Beetebuerg koumen. Et waren eng 12 Baracken an d’Féierungsgut war um Terrain, wou haut déi wonnerschéin Rouse bléien. Dono gouf et nach e Krichsgefaangenelager, wou och Däitscher, Rumänen a Kroaten asouzen.
Hir Rouse si net gesprëtzt, verschidden Zorte schmaachen den Insekten extra, wa se an der Bléi sinn. Dono, wa se bis Spackelter sinn, sti se um Vull-Menü! Wien dëse Rendezvous vun der oppener Gaardepäertchen dëst Joer verpasst huet, mierkt sech dat besser fir 2022. Et ass op alle Fall derwäert.
RTL-News: Serie Gäert a Parken (6) - Eis Gäert sinn e liewegt Stéck kulturelle Patrimoine
RTL-News: Serie Gäert a Parken (5) - Marches, Munkacsy, Mayrisch, Maillol - “Le Parc des 4 M” vum Kolpecher Schlass
RTL-News: Serie Gäert a Parken (4) - E Labyrinth aus deem keen eraus wëllt
RTL-News: Serie Gäert a Parken (3) - Forêt de la mémoire - De Rieder Bëschkierfecht
RTL-News: Serie Gäert a Parken (2) - Yak amplaz Monnaie du Pape
RTL-News: Serie Gäert a Parken (1) - E Land mat iwwer 17.300 Gaarde-Freaks
LINK: JardinsLuxembourg.lu
LINK: Detailer iwwert de Gaart um Titzebierg
LINK: Den Artikel iwwert de “Refuge” fir d’Rosen op JardisLuxembourg.lu