Serie Gäert a Parken (6)Eis Gäert sinn e liewegt Stéck kulturelle Patrimoine

Monique Kater
Dëst Joer hëlt Lëtzebuerg eng 1. Kéier un der europäescher Initiativ "Rendez-vous aux Jardins" deel, déi 2018 an d’Liewe geruff ginn ass.
Serie Gäert a Parken (6)
Dëst Joer hëlt Lëtzebuerg eng 1. Kéier un der europäescher Initiativ “Rendez-vous aux Jardins” deel, déi 2018 an d’Liewe geruff ginn ass.

Fir déi éischt Editioun hate sech direkt 20 Länner an iwwer 2.700 Gäert ageschriwwen, mir sinn am Juni mat 53 Adressen dobäi, a well mat der “Oppener Gaardepäertchen” en 2. europäesche Projet dobäi ass, huet de Kulturministère elo de ganze Mount Juni ënnert d’Zeeche vum Gaart gestallt.

Ëmmer méi Mënsche fille sech ugesprach vun der Natur, vu Gäert a Parken, sief et därer, déi ee mat aneren deelt oder engem eegenen. Dat dobausse sinn, gouf duerch d’Pandemie méi wäertvoll, woubäi dat jo u sech ëmmer dozou gehéiert huet, an engem Land, deem säin Territoire aus ronn 90.000 Hektar Bësch besteet.

Déi grouss Rendez-vouse si vum 4. bis de 6. Juni an dann de 27. an den 28. Juni.

Dass een u sech keng LUGA, also eng “Grosse Gartenschau” brauch, wéi een et vum däitschen Noper kennt, wëll d’Kulturministesch net confirméieren. Déi leeft vum Mee bis den Oktober 2023, beschäftegt sech op 4 Plaze mat 4 Zorten Natur. Et géif vun der LUGA profitéiert, fir d’Péitruss ze renaturéieren, sou d’Sam Tanson. Well d’Natur, eis Gäert a Parken en Deel si vum Patrimoine culturel, dierft een och hei nach laang net maachen, wat ee wéilt.

D’Serie am Iwwerbléck

Serie Gäert a Parken - Deel 1Serie Gäert a Parken - Deel 2Serie Gäert a Parken - Deel 3Serie Gäert a Parken - Deel 4Serie Gäert a Parken - Deel 5

LINK: Hei ginn et weider Informatiounen
LINK: Hei den Agenda

Back to Top
CIM LOGO