
Haut ginn et och zu Lëtzebuerg Karaoke-Rooms, also speziell Raim, déi ee mat Frënn oder Kolleege buche kann, fir zesummen ze sangen, ze laachen an einfach lasszeloossen. Zu deene Plazen zielt zum Beispill de Caribou Karaoke an der Stad oder de Boom Karaoke am Gridx, wou ee privat a gemittlecher Atmosphär sange kann. Mee och méi klassesch Baren, wéi d’Oscar’s Bar, brénge bei villen nach Erënnerungen u Karaoke-Owender op, wou Lidder matgegröölt goufen, oder ganz klassesch: Singstar. Kloer ass: Karaoke ass zu Lëtzebuerg näischt Onbekanntes.
Karaoke ka jiddereen. Et ass egal, ob een eng trainéiert Stëmm huet oder komplett schif séngt. Et geet net ëm Perfektioun, mee ëm de Spaass. Dobäi kënnt, dass Sangen eng positiv Wierkung op de Kierper huet: Et gi Gléckshormoner fräigesat, Stress reduzéiert an Emotiounen ofgebaut.
Eng wichteg Roll spillt och den soziale Faktor. Zesumme sangen a laachen brécht d’Äis, verbënnt an erfuerdert net vill Gespréich. Besonnesch wann e Grupp zesumme séngt, entsteet e staarkt Gefill vu Gemeinschaft. Karaoke bitt also e Raum, wou ee sech traut, sech ze weisen – ouni Drock an ouni Bewäertung.
Säin Ursprong huet Karaoke a Japan. Schonn an de 1970er-Joren huet een do ugefaangen, am Grupp zesumme Lidder ze sangen an nei ze interpretéieren. D’Wuert „Karaoke“ kënnt aus dem Japaneschen a bedeit esou vill wéi eidelt Orchester: d’Maschinn spillt d’Instrumentalmusek, an d’Stëmm vum Sänger fëllt d’Lidd. Déi éischt Karaoke-Maschinn gouf 1971 vum japanesche Museker Daisuke Inoue entwéckelt, dee seng Apparater an de Baren an der Stad Kobe opgestallt huet.

Och wann Talent keng Viraussetzung ass, ginn et natierlech méi einfach a méi usprochsvoll Lidder an och richteg All-Time-Favorites, déi op bal kenger Karaoke-Night feelen. Hei déi weltwäit beléiftste Karaoke-Songs:
A genee déi beweisen, firwat Karaoke nach ëmmer esou funktionéiert: well et Leit zesummebréngt, Emotioune fräisetzt an aus engem ganz normale Owend eppes Besonnesches mécht.