Eng gutt Quiche, einfach ze preparéiere mat engem Touch vu Lëtzebuerg.

Fir 1 Quiche vun 30cm

Fir den Deeg:

250g Miel + e bësse fir d’Aarbechtsplack
125g kale Botter
1 Ee
35ml kaalt Waasser
1 Kaffisläffel Salz

Fir d’Fëllung:

270g gekachte Judd
180g gefruere Gaardebounen
Moschter
100g Kéis, gerappt

Fir den Flan:

3 Eeër
375ml Ram
1 ½ Kaffisläffel Bounekraitchen
Salz a Peffer

Mam Deeg ufänken: d’Miel an eng grouss Schossel ginn. De Botter a Kübe schneiden, bei d’Miel ginn an mat den Hänn soulaang verreiwe bis keng Klompe méi do sinn. D’Ee, d’Waasser an d’Salz dobäi ginn, mat enger Forschett vermëschen, an da mat den Hänn zu engem Deeg knieden.

Den Deeg an en Disk formen, an Zellophan-Pabeier awéckelen an 2 Stonnen an de Frigo stellen.

No 2 Stonnen de Schäffchen op 180°C "Umluft" erhëtzen.

De Judd a mondgerecht Stécker schneiden. D’Gaardebounen am Salzwaasser 4 Minutte kachen. Ofschëdden an d'Haut erofhuelen.

Fir de Flan, d’Eeër an enger Schossel opklappen. D’Ram an Bounekraitchen derbäi ginn a mat Salz a Peffer wierzen. Gutt vermëschen.

Eng 30cm Quicheform afetten. Den Deeg auspaken an op eng gemielten Aarbechtsfläch leeën. Mat enger Bakrull ausrullen, sou dass den Deeg e bësse méi grouss ass wei d’Quicheform. Den Deeg an d’Form leeën, undrécken an dat wat iwwerhänkt ofschneiden.

Den Deeg mat enger Forschett e puermol apicken, dann de Judd an d’Gaardebounen driwwer verstreeën, mam Flan bedecken a mat Kéis bestreeën.

Am waarme Schäffche fir 45 Minutte baken.

D’Quiche mat enger grénger Zalot zerwéieren.

Aner Fëllungen:

Speck + Ierbessen + Gruyère
Porett + Geessekéis
Spinat + Feta
Rout Ënn + Rucola + Bloe Kéis
Indesch Lensenquiche   

Wat soll d'Anne als nächst kachen?

Dir hutt eng Iddi fir dem Anne seng Serie? Proposéiert dem Anne e Rezept oder sot him einfach wat Dir nach vun Ingredienten doheem hutt, d’Anne léisst sech gäer vun Iech inspiréieren.

Schreift dem Anne är Propositioun