Eisekuch
Fir déi éischt Woch vun der neier Serie opzehalen, gëtt et nach eppes Séisses fir all déi, déi schneekeg sinn.
Mécht 10 Eisekuchen
200g Miel
1 Kaffisläffel Bakpolver
¾ Kaffisläffel Salz
50g Zocker
1 Iessläffel Vanillzocker
1 Kaffisläffel Vanillextrakt
2 Eeër
100g Botter, geschmolt
300ml Mëllech
D’Miel mam Bakpolver a Salz an eng grouss Schossel ginn a vermëschen.
An enger anerer Schossel den Zocker, Vanillzocker a Vanillextrakt mat den Eeër vermëschen. De geschmolte Botter an d’Mëllech derbäi ginn a verréieren.
Déi flësseg Ingrediente bei d’Mielmëschung schëdden an zu engem glaten Deeg verréieren.
D’Wäffelcherseisen opwiermen, mat e bësse Botter afetten an e bëssen Deeg um Eise verdeelen. Zoumaachen an d’Eisekuchen ongeféier 3 Minutte baken.

Iddien mat wat een et zerwéiere kann:
Mat Pudderzocker an Äerdbieren
Mat Speck an Ahornsirop
Mat Gebeess a Jughurt
Wat soll d'Anne als nächst kachen?
Dir hutt eng Iddi fir dem Anne seng Serie? Proposéiert dem Anne e Rezept oder sot him einfach wat Dir nach vun Ingredienten doheem hutt, d’Anne léisst sech gäer vun Iech inspiréieren.