De Burger selwer maache läit voll am Trend

Mécht 4 Burger

Fir d’Burger Patties: 

500g gehackte Rëndfleesch
1 Ee
2 Iessläffele Chapelure
4 Iessläffele Moschter
¾ Kaffisläffel Salz
1 Iessläffel schwaarz Pefferkären
1 Iessläffel Ueleg

Fir ze zerwéieren:

8 Tranche Speck
2 Iessläffelen Ahornsirop
1 Tomat, a Scheiwe geschnidden
2 Cornichonen, a Scheiwe geschnidden
4 Burgerbréidecher

Fir de Coleslaw:

200g Kabes, gerappt
200g Wuerzelen, gerappt
1 rout Ënn, reng geschnidden
150g Mayonnaise
2 Iessläffele Wäisswäinesseg
Srircha Zooss, jee no Goût*

Fir de Coleslaw: 

De Kabes, d’Wuerzelen an d’Ënn an eng Schossel ginn a kuerz mat den Hänn masséieren, fir dass de Kabes méi mëll gëtt.

An enger klenger Schossel d’Mayonnaise mam Esseg a mat e bësse Sriracha Zooss vermëschen. Bei de Kabes an d’Schossel ginn a gutt vermëschen. Op d’Säit stellen.

Fir de Burger:

An enger grousser Schossel d’Gehacktes mam Ee, der Chapelure, 2 Iessläffel eMoschter an dem Salz gutt vermëschen. 4 Burger Patties formen.**

D’Pefferkären graff zerstoussen an op en Teller ginn. D’Säite vun de Burger Patties am Peffer rullen an dann op d’Säit stellen.

De Speck an enger Pan ubroden bis en ufänkt brong ze ginn. E bëssen Ahornsirop iwwert all Tranche sträichen, ëmdréien an eng weider 30 Sekonnen ubroden. Dann déi zweet Säit mat Ahornsirop besträichen an och déi ubroden. De Speck aus der Pan huelen an op d’Säit stellen.

En Iessläffel Ueleg an der Pan erhëtzen an d’Burger Patties dran ubroden, 3 Minutten op all Säit, duerno d’Pan mat engem Deckel bedecken. No 6 Minutten den Deckel erofhuelen an d’Burgere mat e bësse Moschter besträichen, ëmdréien an eng weider Minutt op der Moschtersäit ubroden. Déi onbestrache Säit och mat Moschter besträichen, dann ëmdréien an eng weider Minutt ubroden.

D’Burger zesummestellen: d’Bréidecher opschneiden an e bësse Coleslaw op all Bréidche ginn. Mat engem Burger Patty beleen, jeeweils zwou Tranche Speck dropleeën, eng Scheif Tomat an e bësse Cornichon. Mam Deckel vum Bréitchen ofschléissen an direkt zerwéieren.

*Sriracha Zooss ass eng schaarf Zooss déi een am asiatesche Rayon an de meeschte Supermarchéë fënnt.
**D’Burger Patties kënnen no dësem Schrëtt agefruer ginn, wann ee se net all iesse wëll.

Wat soll d'Anne als nächst kachen?

Dir hutt eng Iddi fir dem Anne seng Serie? Proposéiert dem Anne e Rezept oder sot him einfach wat Dir nach vun Ingredienten doheem hutt, d’Anne léisst sech gäer vun Iech inspiréieren.

Schreift dem Anne är Propositioun