
Dem Proprietär war e Sonndeg op der Sich no sengem Mupp zoufälleg e Weekendhaus opgefall, aus deem grujelegt Gejäiz vu Kazen ze héiere war an aus deem e staarke Verwesungsgeroch koum. Nodeems déi erbäigeruffe Pompjeeën d’Dier vum Haus opgebrach hunn, huet d’Police eng sëllegen doudeg a vernoléissegt Kaze fonnt.
32 Kazen an engem erbäermlechen Zoustand konnten agefaange ginn a goufen an d’Déierenasyler bruecht. Am Gebai goufen donieft ganz vill doudeg Déieren entdeckt. 150 bis 200 Kadaver waren a Poubellestute verpak.
Wéi et heescht, ass eng 73 Joer al Fra an d’Viséier vun der Police geroden, d’Proprietärin vum Weekendhaus. Eng Plainte wéinst dem Verstouss géint d’Déiereschutzgesetz gouf deposéiert. D’Ermëttlunge lafen.