Den Drogebaron hat zu senge Liefzäiten een eegenen Zoo. Iwweregbliwwen ass den Nowuess vu senge Nilpäerd. Déi géifen awer elo Fëscher a Kolumbien bedroen.

Fir d'Déieren virum Erschéissen ze schützen, huet en US-Geriicht ee bis ewell eenzegaartegt Urteel gefall. Dem Escobar seng Nilpäerd ginn elo als juristesch Persounen unerkannt. D'Urteel soll de Flosspäerd an hirem Prozess hëllefen, net ze stierwen. Dat sot d'Déiereschutzorganisatioun Animal Legal Defense Fund.

A Kolumbien lieft déi wuel gréissten Nilpäerdhäerd ausserhalb vun Afrika. Déi mëttlerweil ronn 100 Déiere stamen vu enger Koppel of, déi de Pablo Escobar an engem Privatzoo gehalen hat. No sengem Doud 1993 ware bal all d'Déiere verkaf ginn, dorënner och Giraffen, Zebraen a Känguruen. Nëmmen d'Nilpäerd si bliwwen a hu sech rasant reproduzéiert.

D'Déckhaiter suergen haut awer ëmmer méi fir Probleemer. Duerch hir invasiv Aart schuede si dem lokalen Ekosystem. Et soll och zu Attacken op Fëscher komm sinn. Dowéinst goufen eng Rei Déiere steriliséiert. Och d'Ëmbrénge vun der Häerd steet ëmmer rëm zur Debatt. D'Déiereschutzorganisatioun setzt sech dofir an, dass zwee Experte fir d'Steriliséierung vun den Déieren an engem Prozess a Kolumbien als Zeien aussoen, fir d'Nilpäerd virum Erschéissen ze schützen.

Well et an den USA e Gesetz gëtt, datt US-Geriichter Aussoe kënnen ophuelen, fir "interesséiert Persounen" an engem auslännesche Rechtssträit z'ënnerstëtzen. Mat deem Status wier et also elo méiglech, dass d'Nilpäerd oder hir gesetzlech Vertrieder d'Ënnerstëtzung vun Experten ufroe kënnen. E konkreet Beispill dofir ass, dass "en US-Geriicht Déieren et erlaabt, e Recht an eegenem Numm auszeféieren".