Hëllefsaktioune fir d’Déieren aus der Ukrain
© Amiavy
Eng Partie Organisatiounen a Privatinitiative sammele Spende fir d'Déieren dohannen an och fir déi Déieren, déi mat hei hinner bruecht ginn.
Amiavy
Amiavy huet zesumme mat enger privater Initiativ Fleegefamille fir d’Déiere gesicht, déi d’Flüchtlingen aus der Ukrain mat op Lëtzebuerg bréngen. Am Ufank konnten d’Famillen nämlech net zesumme mat hiren Déieren ënner Dag kommen, awer mëttlerweil, an der aktueller Situatioun, gi si net méi getrennt. Dëst kéint awer erëm änneren, wann op eemol vill Flüchtlingen aus der Ukrain mat Déieren hei zu Lëtzebuerg ukomme sollten. Den Opruff hat immens vill Resonanz. Et hu sech esouguer Familljen aus dem Grand-Duché gemellt, déi bereet sinn, Famillen aus der Ukrain zesumme mat hiren Déieren opzehuelen. D’ASBL stellt d’Material wéi Kierf, Léngten, Harnaisen an och Fudder fir dës Déieren zur Verfügung. Amiavy iwwerhëlt zesumme mat der ASBL Rahna och d’Rechnunge vum Veterinär vun hinnen an organiséiert Chauffeuren, fir d’Flüchtlinge mat hiren Déiere bei den Déierendokter ze féieren.












Schëfflenger Déiereschutzveräin
De Schëfflenger Déiereschutzveräin (APAS) hat direkt en Opruff lancéiert, fir Spenden ze sammelen, fir den Déieren an der Ukrain ze hëllefen. Zesumme mat “En Häerz vir Streuner” hu si bal 3 Tonnen zesumme kritt: vun Decken, iwwer Transportkëschten, Fudder bis Medikamenter. En Transporter ass scho mat deene Saachen an der Ukrain ukomm. E weideren Transport ass fir ugangs Abrëll geplangt. Dowéinst sammelen de Schëfflenger Déiereschutzveräin an “En Häerz vir Streuner” nach weider Spenden. Am Schëfflenger Déierenasyl si bis lo 11 Kazen aus der Ukrain opgeholl ginn, nodeems si vum Veterinär ënnersicht gi sinn.
Ukrainian Equestrian Federation Charity Foundation
Iwwer "Ukrainian Equestrian Federation Charity Foundation" kann een en Don maachen, fir de Päerd op der Plaz selwer ze hëllefen. Déi Sue gi gebraucht fir den Transport, d’Logistik an ënnert anerem och temporär Lageren. Iwwert verschidde polnesch Webshops huet een och d’Méiglechkeet, Fudder online ze kafe fir dës Déieren an der Ukrain.
Neie Muppentreff ASBL
D’Zil vun der ASBL Neie Muppentreff ass et, d'Déieren an Nout zu Lëtzebuerg an an der Groussregioun z'ënnerstëtzen. Elo hëllefe si och den Déieren an der Ukrain. Mat dem Verkaf vun ënner anerem selwer gebake Kichelcher fir Muppen, Porte-cléen, Akafskierf, Beiewuessdicher an och Ouerréng wëlle si Equiwent en Don maachen. Dës däitsch Organisatioun versicht de Mënschen an den Déieren an Däitschland an an der EU bei enger Krisesituatioun, wéi engem Krich oder enger Naturkatastroph, sou séier wéi méiglech ze hëllefen. Si sinn och direkt aktiv ginn nom Ausbroch vum Krich an der Ukrain. Bis lo huet den “Neie Muppentreff ASBL” 4.000 € un Equiwent iwwerwisen a si sammele weider.
Lëtzebuerger Reider hëllefe Mënsch an Déier an der Ukrain
Den 28. Februar ass d'Grupp "Lëtzebuerger Reider hëllefe Mënsch an Déier an der Ukrain" gegrënnt ginn, fir ënner anerem Fudder, Isomatten a Medikamenter fir d’Déieren an der Ukrain ze sammelen. Scho méi wéi ee strubbelvolle Päerdstransporter mat Remorque ass schonn an der Ukrain ukomm.
Helping Hands for Animals
D’ASBL Helping Hands for Animals ënnerstëtzt ënner anerem reegelméisseg en Déierenasyl bei Thionville mat Spenden. Dës Kéier geet en Deel vun dem Fudder un d’Déieren an der Ukrain. D’ASBL huet och dem Schëfflenger Déiereschutzveräin Fudder laanscht bruecht, fir den Déieren an der Ukrain ze hëllefen.