Dëst trauregt Phenomen spieren d'Asyler den Ament weltwäit. Mee och zu Lëtzebuerg landen ëmmer méi Déieren, dorënner och Kazen a Kanéngercher, am Heem.

Iwwerall waarden Déieren déi kee méi wollt, well se am Affekt kaf goufen, dacks oniwwerluecht a liichtfankeg, dorënner och vill déi no Lockdown an Homeoffice net méi an d’Liewenskonzept passen, well d’Leit elo awer keng Zäit méi hunn.

De Privaten Déiereschutz hat eleng zejoert 500 Kazen a Kuederen opgeholl an och iwwer 200 Kanéngercher a 56 Mierschwéngercher - eng traureg Première. Och dat gréissten Asyl aus dem Land zu Gaasperech ass mat ëm déi 75 Hënn u seng Grenze gestouss, et gëtt elo eng Waardelëscht.

"An 20 Joer wou ech dat hei elo maache gouf et dat an deem Ausmooss nach ni!", esou Liliane Ferron vum Gaasperecher Déierenasyl.

Natierlech versicht ee Léisunge fir Noutfäll ze fannen, mee dacks mussen d'Leit waarden, éiert se hir Déiere kënnen ofginn oder mussen se an eng Pensioun ginn, bis Plaz am Asyl ass. D'Situatioun huet sech wuel och zougespëtzt, well een aktuell apaart vill 1-2 Joer jonk Hënn erakritt, déi d'Leit sech an Ugangs der Pandemie zougeluecht hunn an dunn awer net méi wollten.

Meeschtens usprochsvoll an aktiv Rassen, Doberman, Husky a Schéiferhënn, déi leider och nach net vill Erzéiung kruten an dofir méi schwéier ze vermëttele sinn. Dowéinst dauert et dann och nach méi laang, bis Zwinger fräi gi fir déi nächst.

"D'Leit maache sech ze wéineg Gedanke wat et bedeit, en Déier opzehuelen, an op déi Rass iwwerhaapt bei se passt. Et geet hinnen just em d'Optik an da ginn se herno net méi eens mam Hond, wann e bis grouss ass", erkläert de Loïc Feltgen, Trainer am Gaasperecher Déierenasyl.

Dofir ass een och streng, wann et en Interessent gëtt. Meeschter a Mupp musse beienee passen, fir dat de Mupp net kuerz drop op en Néits säin Doheem verléiert.

Am Reportage gesi mer awer och en Happy End: dat vum Kartusch. Den Thomas Welter wollt engem Hond en neit Doheem ginn. Duerch seng Experienz mat belsche Schéiferhënn war et och kee Problem, wann et méi e komplizéierte Fall wär an een un eenzele Saache misst schaffen. Haut läit de Ritt, roueg a sécherlech méi wéi zefridden a sengem Kuerf an de Stuff. Hien hat Gléck!

RTL

De Cartouche huet säin Doheem fonnt.

Fir d'Acteuren aus dem Déiereschutz ass kloer, datt d'Leit méi responsabiliséiert musse ginn. Och bei de klengen Déieren. Well och do ass vill Leed, well d'Leit sech net informéieren, wéi een en zum Beispill Mierschwéngercher  oder Kanéngercher aartgerecht hält. Ma och bei de Kazen. Dacks loossen d'Leit déi fräi lafen, ouni dat se kastréiert sinn, obwuel et gesetzlech virgeschriwwen ass fir esou onkontrolléierten Nowuess a Kränkten z’evitéieren.

"Et kritt ee vill ze einfach en Déier, och online an iwwer déi sozial Medien,(...) dat misst verbuede si fir Liewewiesen", mengt d'Marie-Anne Heinen vum Privaten Déiereschutz asbl.

A Frankräich an an der Belsch hunn d'Autoritéiten zënter e puer Méint nei Mesuren agefouert. De Proprietär muss schonn eng Woch éiert en een Déier ophellt, Certificaten ënnerschreiwen, respektiv e Permis virleeën. Dat kéint och am Virfeld vu Chrëschtdag hëllefen, datt d'Leit net am Affekt en Déierche kafen an ënnert de Beemche sëtzen dat dono nees am Asyl lant. Dat ass leider all Joer nees esou dat d’Asyler dann am Januar nees vill Uriff kréien. Zu Lëtzebuerg soll eng Sensibiliséierungscampagne gemaach ginn, fir genee dëst z’evitéieren.