D'Memberstaate vun der Weltaarteschutzkonferenz a Panama wëllen e Freideg doriwwer ofstëmmen, ob munch Hai-Aarten an d'Aarteschutzofkommes opgeholl ginn.

Dat wier eng "historesch" Decisioun. Konkret geet et ëm eng vun der EU a weidere 15 Länner virgeluechten Initiativ, déi eng vun den ëmstriddensten Themen op der Konferenz war, déi de 14. November ugefaangen hat.

Bei dëser Konferenz beroden d'Vertragsstaaten doriwwer, wéi eng Déieren ënnert de Schutz vun deem Ofkommes iwwert den internationalen Handel mat vulnerabele fräi liewenden Déieren a Planzen (Cites) gestallt solle ginn. Dosende Grondhai- an Hammerhai-Aarte sollen an den Absatz 2 vum Ofkommes opgeholl ginn. Dat bedeit, dass si zwar akut net virum Ausstierwe stinn, awer potentiell wéinst Handel a Gefor sinn. An anere Wierder, den Handel ass just dann erlaabt, wann en nohalteg ass.

"Fir eng éischte Kéier géif eng gréisser Unzuel Hai-Aarten an d'Aarteschutzofkommes opgeholl ginn, déi am Ganzen 90% vum Maart entspriechen", sou déi Delegéiert Shirley Binder vum Organisatiounsland Panama, déi sech och fir dëst Ofkommes agesat hat. Et wier awer nach net sécher, ob de Schutz wierklech decidéiert gëtt: Virun allem Japan a Peru hu sech bis zulescht hefteg géint dëse Schratt gewiert.

Haifleesch a besonnesch Haifloss-Zopp gëlle virun allem an ostasiatesche Länner als Delikatess. Dacks ginn d'Déieren, nodeems hinnen d'Flosse ofgeschnidde goufen, nees an d'Mier geheit, wou si e luesen Doud stierwen. Fir ee Kilo Haiflossen ginn ëmgerechent ronn dausend Euro bezuelt, de Maart fir den Handel mat hinne gëtt op 500 Milliounen Euro pro Joer geschat.

De Washingtoner Aarteschutzofkommes Cites gouf 1973 gegrënnt a reegelt den internationalen Handel mat wëllen Déieren a Planzen. Op reegelméissege Konferenzen, wéi elo a Panama, ginn d'Lëschte vun den Aarten ugepasst. Den Ament ëmfaasst d'Ofkommes iwwer 5.800 Déieren- a Planzenaarten.