Ëmsiidlung vu "Kokain-Nilpäerd" aus Kolumbien kascht 3,5 Milliounen Dollar

© AFP
Si stamen aus Afrika an hu sech a Kolumbien onkontrolléiert reproduzéiert. Rieds geet vum Pablo Escobar sengen Nilpäerd, déi an engem Privatzoo liewen.
Fir dass d'Nilpäerd sech net nach méi ausbreeden, muss Kolumbien déif an d'Täsch gräifen. Ganzer 3,5 Milliounen Dollar dierft d'Aktioun kaschten, sou de Besëtzer vum Ostok-Schutzgebitt an Nordmexiko, den Ernesto Zazueta. Do kruten 10 vun den Déieren en neit Doheem.
D'Nilpäerd stamen u sech aus Afrika, waren deemools awer vum Drogeboss Pablo Escobar an déi kolumbianesch Regioun Medellin ugesidelt ginn. Do si si antëscht zu enger richteger Plo ginn. Fir se lasszeginn, war souguer geschwat ginn, se ofschéissen ze loossen.
De Gouverneur vun der Regioun Antioquia, den Aníbal Gaviria, wëll d'Déiere virum Doud retten. 10 vun de knapp 150 Nilpäerd sollen an den nächste Méint a Schutzgebidder an Indien an a Mexiko ausgeflu ginn. Dat soll am éischten Hallefjoer 2023 nach geschéien.
Dës Déiere stamen nach vun de wéinegen Escobar-Exemplairen of, déi hien an den 80er Jore fir säi Privatzoo aus Afrika afléie gelooss huet. Nodeems de Pablo Escobar bei engem Policeasaz am Joer 1993* ëmkoum, goufen d'Nilpäerd einfach fräigelooss an zanterhier bevëlkere si e Gebitt ronderëm de Magdalena-Floss, wou si den Autoritéiten no eng Menace fir déi lokal Déierewelt sinn, awer och fir d'Mënschen, déi do liewen.
Och d'Pläng, déi bis zu dräi Tonne schwéier Déieren ze steriliséieren, si schifgaangen. Déi kolumbianesch Autoritéiten hu si um Enn zur "invasiver Aart" erkläert.
*An enger éischter Versioun goung vun 2013 riets, de Pablo Escobar ass awer 1993 bei engem Policeasaz ëm d'Liewe komm.