De Sunny an de Lex sinn Assistenzhënn, hire Meeschtere gesäit een awer net un, firwat si op d’Hëllef vun deenen zwee ugewise sinn.

Beim Stéchwuert Assistenzhond denken déi meescht u Blannenhënn oder Leit am Rollstull. Ma déi clever Véierbeener kënnen nach vill méi. Och fir Mënsche mat "onsiichtbare Krankheeten", wéi d'Marielle Rollmann an hire Mann Roberto Tralci hir eege Beanträchtegungen nennen, kënnen d'Hënn liewenswichteg Hëllef duerstellen.

"Hien huet mir schonn eng Kéier d'Liewe gerett

D'Marielle an hire Lex sinn elo schonn iwwer 6 Joer en Team. Scho vu klengem u gouf de Labrador speziell op d'Besoine vu senger Meeschtesch ausgebilt. Bei Diabetes, Fibriomyalgie an Asperger Syndrom hat de Lex vill ze léieren. Seng Fäegkeeten Diabetes ze richen, huet de Mupp och scho fréi ënner Beweis gestallt. Scho mat 6 Méint, wéi hien nach an der Friemausbildung war, hat de Lex op der Hochzäit vun der Koppel dem Trainer signaliséiert, datt d'Marielle iwwerzockert war. Dat war de Beweis, datt den Training uschléit. Signaliséieren, datt eppes net an der Rei ass, mécht de Lex, andeems hien immens nervös gëtt a senger Meeschtesch fest iwwer d'Hand leckt.

De Labrador Lex ass op 3 Krankheete spezialiséiert

Fir esou Fäll z'erkennen, ass Aarbecht néideg, an dat e Liewe laang. Fir d'éischt gëtt no engem gëeegenten Hond gesicht. Als Assistenzhënn eegne sech virun allem Golden Retriever, Labradoren oder Labradoodlen. No enger Rei Wiesens- a Verhalenstester fänkt den Training sou an der 8. Woch un a kann entweder als Friemausbildung beim Trainer, oder als Ausbildung beim Betraffene selwer gemaach ginn. D'Aarbecht ass awer net mat der Ausbildung gedoen. Ëm en Hond muss ee sech 24/7 këmmeren, bei engem Assistenzhond geet dann och den Training e Liewe laang weider.

Fir senger Meeschtesch ze hëllefen, Saachen opzerafen oder Dieren opzemaachen, trainéiert d'Koppel mat hire Muppen "Imitatioun". Eppes, wat der Marielle Rollmann schonn d'Liewe gerett huet. Leschten Hierscht war si moies esou an den Ënnerzocker geroden, datt si an de Koma gefall ass. Wéi si nomëttes rëm zou sech koum, huet si gesinn, datt de Schlauch vun hirer Insulinpompel duerchgebass war. "Wat mir zum Beispill och maachen, ass Imitatioun. Dat heescht, datt si alles kucken, wat mir maachen an dann dat selwecht nomaachen. An hien (Lex) huet oft gesinn, datt hien (Roberto) mir de Schlauch erauszitt an datt et mir dono besser ginn ass. An dat huet hien da verknüpft", erkläert d'Marielle.

Duerch d'Imitéiere vu sengem Meeschter huet de Lex dem Marielle d'Liewe gerett

Vum Familljemupp zum Assistenzhond

De Sunny ass virun e puer Joer als "normale Familljenhond" bei d'Koppel komm. No der Häerzoperatioun vum Roberto huet de Sunny geléiert, ze mierken, wann et sengem Meeschter net gutt geet an huet ugefaangen, him am Alldag ënner d'Äerm ze gräifen. Esou huet de Roberto de Golden Retriever, als sougenannten LPF-Hond, also Mupp mat liewenspraktesche Fäegkeeten, ausbilde gelooss. E Klacks fir de Sunny, dee schonn als Welpe mat an d'Hondsschoul gaangen ass. Nieft der Ënnerstëtzung am Alldag beim Saachen oprafen, kann de Sunny och Hëllef siche goen, wann et sengem Mënsch net gutt geet. Esou wëssen och dem Roberto seng Mataarbechter, datt eppes net stëmmt, wann de Sunny bemol nervös ronderëmleeft.

Australian Shepherd sinn ze mësstrauesch, fir Assistenzhond ze sinn

Ugangs ass de Roberto awer op der Aarbecht op Mëssverständnesser gestouss. Net jiddereen huet positiv op de Mupp reagéiert. Hie krut esouguer reprochéiert, just en Assistenzhond ze hunn, fir säi Mupp kënne mat op d'Aarbecht ze huelen. "Wat dohannert stécht, hu si natierlech net hannerfrot", erzielt de Roberto. Ëmmer rëm stoussen d'Marielle an hire Mann an hirem Alldag op Onverständnes an der Gesellschaft. Dacks well si keng "siichtbar" Beanträchtegungen hunn. Ob op der Aarbecht, am Supermarché oder beim Dokter: ëmmer nees musse si sech erklären. "Datt do vill nach hannendrun ass, fir wat een en Hond iwwerhaapt ausbilde kann, dat wëssen d'Leit eben net", erkläert de Roberto weider. Fir d'Koppel ass d'Gesellschaft nach net genuch iwwer Assistenzhënn informéiert - eppes, wat sech ännere misst.

D'Gesellschaft ass nach net genuch iwwer Assistenzhënn informéiert

No 2 Joer, wou de Sunny all Dag dobäi ass, hu sech d'Mataarbechter antëscht un d'Pelznues gewinnt. A wéi dat mat Hënn esou ass, freeë vill Leit sech, wann de Roberto mam Sunny erakënnt. Séier fält hinnen dann awer och rëm an, datt si de Sunny net ze vill oflenken dierfen. Allgemeng sollen Assistenzhënn net ze vill gestéiert ginn, well d'Muppen dacks liewenswichteg Aufgaben hunn an Oflenkung zu Geforesituatioune féiere kann. Esou hu vill Assistenzhënn eppes Gieles un, wéi de Lex an de Sunny e giele Foulard. Dëst internationaalt Zeeche soll dorop hiweisen, datt den Hond a Rou gelooss soll ginn. Zwar gëtt dat ëmmer mol rëm an de Medien thematiséiert, bei der Gesellschaft ass dat awer nach ëmmer nach kee Reflex.

Ausbildung als Trainer an d'Asbl Helping Paws

D'Ausbildung vum Lex huet dem Marielle esou vill Spaass gemaach, datt si decidéiert huet, wärenddeem d'Fachausbildung als Coach ze maachen. "Éischtens, fir hie kennen ze léieren an och d'Philosophie dohannert, an dat huet mir du sou Spaass gemaach, datt ech och elo Assistenzhënn ausbilde kann", erzielt d'Marielle.

Hir Funktioun als Trainer verbënnt d'Koppel mat der Asbl Helping Paws. No enger epileptescher Kris vun enger Mataarbechterin huet sech d'Marielle gefrot, wouhin eigentlech hire Mupp kënnt, wann hir "eng Kéier eng geschitt". Op Nofro bei der Police an de Klinicken huet et geheescht, datt Hënn, déi soss néierens hi kënnen, an d'Déierenasyl kommen. Fir den Assistenzhënn "esou een Trauma" z'erspueren an hinnen eng Plaz ze bidden, wou op hir speziell Besoinen agaange gëtt, huet d'Koppel d'Asbl gegrënnt an hëlt d'Muppe bei sech op. Nieft dem Training, deen den Hond esou bäibehält, fuere si och emol mam Hond an d'Spidol. "Dat stäerkt nach eng Kéier d'Bindung, wann den Hond gesäit, datt et sengem Meeschter gutt geet an ëmgedréint deet dat natierlech och gutt, wann ee säin Hond da bemol erëm gesäit", erzielt d'Marielle.

Doriwwer eraus sammelt d'Asbl Helping Paws och Spende fir Mënsche mat Assistenzhënn. Zwar hëllefen d'Krankekeesen zu Lëtzebuerg bei Blannenhënn, ma net fir Assistenzhënn, déi op aner Krankheete spezialiséiert sinn. D'Basis-Ausbildung iwwer zwee an en halleft Joer an den Hond leie séier emol am Beräich tëscht 35.000 a 40.000 Euro. Zommen, déi net jiddereen zur Verfügung huet, obwuel den Hond eng liewenswichteg Hëllef ka sinn. Esou si vill Mënsche mat Assistenzhënn op Donen ugewisen.

Ze wëssen, datt hir Hënn hinne Krise signaliséieren an aktiv handele kënnen, loossen d'Marielle an de Roberto méi roueg duerch den Alldag goen. Dofir wëlle si mat der Asbl Helping Paws och méi iwwer Assistenzhënn opklären. D'Assistenzhënn stelle fir Mënsche mat Behënnerung, psychesche Problemer an Trauma eng liewenswichteg Hëllef duer a bidden de Betraffene Sécherheet.

RTL

© RTL