Bei der Analys vun den Iwwerreschter vun engem Pliosaurier huet en internationaalt Team vu Paleontologen eng nei Aart vu Mieresreptilien identifizéiert.

Deemno gehéieren d'Schanken an d'Zänn vum "Lorrainosaurus"-Fossil, dat 1983 an der Géigend vu Metz ausgegruewe gouf, zum bis ewell eelste Skelett vun engem grousse Pliosaurier. D'Déier war de Paleontologen no wuel méi wéi 6 Meter laang an huet an der fréier mëttlerer Jurazäit, also viru ronn 170 Millioune Joer, gelieft.

Mat sengem iwwer 1,3 Meter laangem Kapp mat massive Kiferen an engem kräftege Kierper an der Form vun engem Torpedo konnten d'Fuerscher weisen, "datt de Lorrainosaurus ee vun den éischte wierklech grousse Pliosaurier war, dee sech entwéckelt huet an eng Dynastie vu Mieresreptilien-Raubdéieren ervirbruecht huet, déi d'Ozeane ronn 80 Millioune Jore laang beherrscht hunn", wéi de Sven Sachs, Fuerscher am Natur-Musée zu Bielefeld, erkläert.

D'Schanken an d'Zänn vum "Lorrainosaurus" huet den Naturhistoresche Musée zu Lëtzebuerg vun der "Association minéralogique et paléontologique d'Hayange et des environs" kritt, déi d'Iwwerreschter 1983 fonnt an "d'Bedeitung vun hirer Entdeckung erkannt" haten.

Déi nei Analyse vum "Lorrainosaurus" deiten de Paleontologen no dorop hin, datt "d'Herrschaft vun de gigantesche Pliosaurier éischter ugefaangen huet, wéi bis ewell ugeholl, an datt si lokal op grouss ekologesch Verännerunge reagéiert huet".

D'Etüd gouf vun der Zeitung Scientific Reports publizéiert.