
En Albino-Stéier am Bangladesch, dee wéinst senge laange blonden Hoer de Spëtznumm "Donald Trump" krut, soll awer net geschluecht gi wéi geplangt. Nodeems d'Déier wéinst sengem aussergewéinlechen Ausgesinn zur viraler Sensatioun ginn ass, kritt hien elo am nationalen Zoo en neit Doheem
Dat muslimesch-gepräägte Land mat sengen 170 Milliounen Awunner feiert en Donneschdeg Eid al-Adha, d'"Fest vum Affer". De 700 Kilogramm schwéiere Stéier sollt u sech fir dëse Festdag geschluecht ginn.
Mee just Stonnen éier en hätt missen ëmbruecht ginn, huet d'Regierung agegraff an d'Déier, dat sech zu enger Sensatioun op de Soziale Medien entwéckelt huet, gerett. Wéi déi lokal Police präziséiert, wier de Stéier als "seelen" an nach ze jonk fir geschluecht ze ginn designéiert ginn.