Opgepasst, dësen Artikel ass näischt fir Leit mat Spannephobie. A wann dir en awer liest, respektiv d'Biller kuckt, dann heescht et elo ganz staark sinn.

An Australien gouf en neie Rekord opgestallt, an zwar gouf do dee gréissten Exemplar vun der "Sydney funnel-web"-Spann (iwwersat Sydney-Triichternetzspann) entdeckt a gefaangen. Dobäi muss ee wëssen, dass dës Spannenaart déi gëftegst op der Welt ass. Besonnesch geféierlech sinn hei d'Männercher. Eemol gebass, kënne si e Mënsch a manner wéi enger Stonn ëmbréngen.

Entdeckt gouf déi riseg Spann nërdlech vu Sydney. Eleng scho wéinst hirer Gréisst, war den Numm Herkules, op dee si gedeeft gouf, net vun ongeféier. Vun enger Beespëtzt bis bei déi aner goufen net manner wéi 7,9 Zentimeter gemooss.

Normalerweis sinn d'Weibercher méi grouss, dofir ass een am australesche Reptiliepark, deen dës Spann fir hire Programm iwwerreecht krut, och dovun ausgaangen, dass den Herkules weiblech wier. Ëmsou méi war een iwwerrascht, dass et e Spanne-Mann wier. Generell gëtt dës Aart just tëscht een oder fënnef Zentimeter grouss.

Dat gréisste bis ewell entdeckte Weibche vun der "Sydney funnel-web"-Spann mam Numm Megaspider ass mat aacht Zentimeter nëmme bësse méi kleng wéi den Herkules.