Knapp 5 Joer al a schonn e Rekord opgestallt: Zanter 2021 huet d'Risenhamsterrat "Ronin" iwwer 100 Landminnen erschnoffelt an domat sëllege Liewe gerett.

Am Ganzen huet de "Ronin" zanter 2021 insgesamt 109 Landminnen a 15 weider méiglech déidlech Krichsiwwerreschter am Kambodscha fonnt, wéi déi belsch Hëllefsorganisatioun Apopo e Freideg matgedeelt huet. Déi 5 Joer al Rat, déi zu der Aart vun der Gambia-Risenhamsterrat gehéiert, wier domat déi erfollegräichst Minnenerkennungsrat an der Geschicht vun der Organisatioun.

Mat sengen "aussergewéinleche Leeschtungen" hätt sech de "Ronin" d'Plaz am Guinness-Buch vun de Rekorder fir "déi meescht vun enger Rat erschnoffelt Landminnen" verdéngt a géing weisen, wéi wichteg d'Roll vu Rate bei der Sich no Minne wier. Bis zu der Pensioun kéint de "Ronin" nach zwee weider Joer Minne sichen.

Nom Biergerkrich am Kambodscha, deen 1998 op en Enn goung, huet dat südostasiatescht Land zu den am stäerkste verminnte Länner op der Welt gehéiert. D'US-Truppen haten donieft wärend dem Vietnam-Krich an de 60er a 70er an den Nopeschlänner Kambodscha a Laos Millioune Streebommen erofgeheit, fir do Stëtzpunkte vun de Géigner ze treffen.

An de leschte 45 Joer koumen am Kambodscha ronn 20.000 Mënschen duerch Minnen oder "Blindgänger" ëm d'Liewen, duebel esou vill goufe blesséiert.