"Béis" Geess am Texas verhaft ginn
© Little Elm Police Officer's Association - Facebook
Well si laanscht d'Strooss stoung an do aggressiv "gesnackt" huet, ass eng Geess vun enger texanescher Policepatrull opgegraff a verhaft ginn.
Zu Little Elm am US-amerikanesche Bundesstaat Texas ass et de 25. November zu engem ongewéinlechen Asaz vun der Police komm. Eng Geess war ausgebéchst a stoung laanscht d'Strooss Gras ze friessen. Fir d'Police, déi op dës potentiell Gefor fir de Stroosseverkéier a fir d'Déier opmierksam gemaach gi war, gouf et just eng Léisung: dat "aggressiivt" Déier huet mussen agefaangen a verhaft ginn.
Kuckt hei de Video vun der "Verhaftung":
Bodycam hält "Verhaftung" fest
D'Kamera vun engem Polizist huet déi ganz Zeen matgefilmt. D'Déier ass fir d'éischt gefrot ginn, wou et da wunne géing. Keng Äntwert. Dunn hunn d'Beamten eng ganz Zäit laang versicht, d'Geess dovun z'iwwerzeegen, an de Policeauto eranzeklammen. Wat schlussendlech gelénge sollt.
Uschléissend hunn d'Polizisten, hire Virschrëften entspriechend, dem agefaangene "Verbriecher" seng Rechter virgelies. D'Geess huet dat awer häerzlech wéineg interesséiert. Si hat et sech entretemps gemittlech gemaach hannen am Policeauto.
Star am Prisong - an am Internet
Eemol ukomm um Policebüro vun Denton, hunn d'Beamten op Facebook geschriwwen, dass engem seng Geess wéinst onheemleche Crimme wéi meckeren, blären a Kapp stoussen am Prisong vun der Denton County Sheriff’s Office Animal Control géing sëtzen. Si géing keng Privileegie kréien, a géif Iessen a Form vu Muerten an Hee acceptéieren. An éierlech Entschëllegungen.
Iwwerraschenderweis krut d'Geess keen Numm. Dofir goufen awer offiziell Policefotoe vun hir gemaach. D'Geschicht sollt sech séier am Internet verbreeden, an op Facebook bal 6.800 Likes kréien. Ob de Schwéierverbriecher entretemps ofgeholl ginn ass, muss sech nach erausstellen. Well en Donneschdeg Thanksgiving war, gëtt haut d'Bréck gemaach an deem Policebüro. D'Geess dierft domat wuel nach de Weekend an hirer "Zell" verbréngen.