Kuerz virun den Halleffinale gouf d'Lëtzebuergerin eliminéiert a koum net op den dräi Hot-Seats.

Als "Special Coach" stoung dem Team vum Yvonne Catterfeld déi amerikanesch Sängerin Demi Lovato un der Säit an huet den Talenter gehollef, fir dat Bescht aus sech erauszehuelen.

Mam Lidd "Love sou soft" vum Kelly Clarkson wollt d'Lëtzebuergerin ee vun den Hot-Seats attackéieren, déi him eng Plaz an der Halleffinale vun "The Voice of Germany" geséchert hätt. Dobäi krut Si während de Prouwen e puer gutt Tipps vum Yvonne Catterfeld, wat d'Christine Heitz virun der Eliminatioun an de Battles gerett hat, a vum Demi Lovato.

AUDIO: Christine Heitz an de Sing-Offs bei "Voice of Germany"

Obwuel d'Lëtzebuergerin richteg ofgeliwwert huet, och iwwerzeege konnt a vill gelueft gouf, war awer keen Hot-Seat fir si fräi. Esou war et no der Performance Schluss fir d'Christine Heitz, wat net mat an d'Halleffinale vun "The Voice of Germany" dierft goen.

Aner Artikelen iwwer eis Lëtzebuerger "The Voice of Germany"-Kandidaten