"En Dag am Liewe vun... enger Radio-Animatrice"
Eis Journaliste leeë Block a Bic néier an tauschen fir een Dag den Job! Dës Kéier ass et d'Anouk Siebenaler, wat sech als Animatrice beim Radio versicht.
Wéi haart kënne verschidde Beruffer sinn? Sinn déi wierklech esou, wéi een sech se virstellt? Dat si Froen, op déi mer versichen eng Äntwert ze fannen an eiser neier Serie "En Dag am Liewe vun..."!
Dës Kéier huet d'Anouk Siebenaler sech extra fréi aus dem Bett gehuewen, dat fir een Dag den "RTL-Wecker" als Animatrice matzemoderéieren. Am RTL-Gebai ass awer séier opgefall, dass manner lass ass, wéi een dat eventuell méi spéit am Moien um Kierchbierg gewinnt ass. Ganz eleng gouf d'Anouk allerdéngs net gelooss, bei him waren d'Animateure Michelle Reiter a Dan Spogen.