Et gëtt keen europäescht Gesetz an dofir wäert och Lëtzebuerg keen eegent Gesetz fir d'Musekstherapie kréien.

De 15. November ass den europäesche Musekstherapiedag. Dobäi gëtt drop Opmierksam gemaach, wéi duerch de gezielten Asaz vu Musek d’Gesondheet vun engem Mënsch positiv ka beaflosst ginn. Et ass eng kënschtleresch a non-verbal Therapieform fir jiddereen egal wéien Alter.

Zënter 2004 setzt sech d’Gesellschaft fir Musekstherapie zu Lëtzebuerg dofir an dass hire Beruff hei am Land unerkannt gëtt a sech dës Therapiemethod verbreet. Eng 25 Musekstherapeute schaffen zu Lëtzebuerg, allerdéngs net all Vollzäit an hirem Beruff. Déi Meeschten hunn nach zweeten Diplom am Beräich Psychologie, Musek oder als Educateur. Si schaffen entweder Independant mat eegener Praxis oder a verschiddenen Institutiounen. Bis haut huet de Gesondheetsministère de Beruff vum Musekstherapeut net offiziell unerkannt, wouduerch a kenger Struktur e Musekstherapeut ënnert dësem Titel kann agestallt ginn. Meeschtens ginn dës dann ënnert hirem zweeten Diplom engagéiert. Musekstherapie muss an der Reegel aus der eegener Täsch bezuelt ginn.

An eisen Nopeschlänner ass dat net anescht. Als éischte Land an Europa huet Éisträich 2009 e Musekstherapiegesetz a Kraaft gesat. Rembourséiert kréien och do d’Patienten d’Therapie nach net, mä si huet sech am ganze Land verbreet. Geschätzt 290 Musekstherapeute sinn an Éisträich aktiv.

Op Nofro huet de Gesondheetsministère kommunizéiert, dass soulaang wéi et op europäeschem Niveau keen eenheetlecht Beruffsbild a keng ofgestëmmten Ausbildung fir d’Musekstherapie gëtt, soulaang wäert et zu Lëtzebuerg och keng offiziell Unerkennung fir dëse Beruff ginn.

Weider Informatiounen zur Musekstherapie zu Lëtzebuerg fannt der op www.musiktherapie.lu

Evenementer am Kader vum Europäesche Musekstherapie Dag de  15.11.2019:

Jam Session at the First Inclusion and Citizenship Festival

15th November 2019 - Doors open: 7pm Free entry!

Join us for our Jam Session at 9pm which will be the closing act of the Festival.

Mamer Schlass 1, Place de l'Indépendance, L-8252 Mamer

DrumPower– Violence Prevention, Social Integration and Empowerment through Music.

A Workshop with Sven Heidenstecker (D) in German. No prior knowledge required!

16th November 2019 - From 9am till 5pm

1B, rue Thomas Edison, L-1445 Strassen

Entry fee, registration and further information on www.musiktherapie.lu