E Méindeg huet d’Stad Lëtzebuerg säi Chrëschtprogramm virgestallt, de Winterlights, deen dëst Joer vum 21. November bis de 5. Januar leeft.

Ënnert anerem gëtt nees eng festlech Beliichtung opgehaangen, beispillsweis a gutt 250 Beem, oder mat 56km Girlanden.

Den zentrale Chrëschtmaart op der Plëss ass genee wéi de Wantermaart ronderëm d’Gëlle Fra vum 21. November bis de 24ten Dezember.

Sonndes den 1. Dezember ass de Niklos-Ëmzuch, dee vun der Gare op de Knuedler geet.

De komplett Programm fënnt een um Site vun der Stad, op vdl.lu.