Mat engem vun de leschte Fligeren ass d'Famill Stoops vun Israel a Griicheland geflunn, wou se wéinst dem Coronavirus huet missen a Quarantän.

Am Januar hate mer iech an engem Reportage schonn d'Famill Stoops virgestallt. D'Valentina an den Nicolas Stoops hunn hei zu Lëtzebuerg geschafft a si mat hire 4 Kanner mam Camper ënnerwee, an dat a ganz Europa. Um Ufank vum Joer ware se prett, fir vu Lëtzebuerg a Griicheland ze fueren, zanterhier ass bekanntlech vill geschitt a mir wollte wëssen, wéi si déi lescht Zäit erlieft hunn.

Vu Griicheland goung et nämlech mam Fliger an Israel. Mat engem vun de leschte Fliger zréck a Griicheland, wou se momentan och liewen. A Griicheland hu si also d’Quarantän an hirem Camper op 7 Quadratmeter verbruecht, wat mat 4 Kanner net ëmmer einfach war.

Weider soen den Nicolas an d’Valentina Stoops, dass a Griicheland d’Lockerungen amgaange sinn an dass d’Rees dann iergendwa mam Camper hoffentlech ka weidergoen.