Déi nächst Defiléen vun der Paräiser Haute Couture sinn Ufank Juli, ma wéinst der Corona-Pandemie si se virtuell.

Déi gréisste Moudenhaiser wëllen hir Kollektiounen deemno vum 6. bis den 8. Juli mat kreative Filmer um Internet presentéieren. Och d'Hierschtkollektioune fir d'Hären, déi vum 9. bis den 13. Juli sollte sinn, ginn online gewisen.

Den internationale Festival fir jonk Createuren zu Hyères a Südfrankräich ass tëscht dem 15. an dem 19. Oktober geplangt. E sollt eigentlech am Abrëll sinn.

En Donneschdeg hat déi franséisch Regierung manner streng Restriktiounen annoncéiert, gréisser Evenementer sinn awer weiderhin net méiglech.

Aner international Moudenhaiser wéi Gucci a Saint Laurent hate wärend der Corona-Kris opgeruff, dass ee misst ëmdenken. Si hate schonn annoncéiert, op en Deel vun hiren Defiléen ze verzichten. Gucci wëll hir Kollektioun zum Beispill just nach 2 Mol am Joer presentéieren.