Am Live! Planet People dréint sech dëst d'Kéier alles ëm déi zoue Grenzen an Europa.

D'Anne Van Wetteren ass geléiert Anthropologin. Fir géint zoue Grenzen ze demonstréieren, huet si sech zu Hamburg op de Vëlo gesat an ass 800 Kilometer Richtung Heem gefuer. All Dag ëm déi 100 Kilometer stoungen um Menü, an och wa si nach ni méi wéi 6km den Dag bis op d'Aarbecht an zréck gefuer ass, koum d'Anne leschte Samschdeg zu Waasserbëlleg op Lëtzebuerger Buedem un. Mat am Gepäck vill positiv Impressiounen an der Hoffnung op en Europa, wou d'Grenzen soubal net méi zou ginn.

De Philip Hoffmann wollt zesumme mat sengem Kolleeg Christoph Drost och en Zeeche fir Schengen setzen an ass 180 Kilometer ze Fouss laanscht déi saarlännesch Grenz getrëppelt. Eng Woch sinn déi zwee Frënn bei guddem Wieder duerch déi 3 Länner spadséiert. Déi Zwee hätte sech ni kënne virstellen, dass d'Grenzen eng Kéier zouginn a vill traureg Temoignagen hu se och ënnerwee ze héiere kritt. Hiren Trëppeltour gouf awer och ënnerstëtzt vu ville Politiker an Bierger.

De Jean Asselborn ass den déngschteelsten Ausseminister vun der Europäescher Unioun. De Chefdiplomat ka mat jidderengem, och wann him heiansdo de Kolli platzt. De begeeschterte Cyclist kämpft jo fir déi selwecht Saach, wéi déi aner Gäscht, an hofft, dass d'Grenze bannent Europa soubal net méi zou ginn. Zesumme mat sengem Kolleeg, dem däitschen Ausseminister Heiko Maas, huet hie jo symbolesch d'Grenze mat Däitschland e Samschdeg 16. Mee op der Bréck vu Schengen op Perl nees opgemaach.