Hie wosst schonn am fréien Alter, wat hie spéider eng Kéier maache wéilt: nämlech kommerzielle Pilot ginn.

Et heescht: wie richteg Fléie léiere wëll, géif dat just an engem Seegelfliger léieren, e Motor géiff dat Gefill beaflossen a verfälschen. 14 Joer a scho mam Fliger ënnerwee... wien do Angscht kritt, huet sech dee falschen Hobby erausgesicht. De Jules weess awer, dass dat Gefill vun Angscht bei dësem Sport och mol komme kann.

Hien huet de 17. Mee, 5 Deeg no sengem 14. Gebuertsdag, säin éischte Solofluch absolvéiert. Fléien ass definitiv all Kéiers fir de Schüler nees e positiivt Erliefnes. All d'Moniteure sinn der Meenung, dass hien d'Fléien souzesoen am Blutt huet.

Bleift awer nach ze klären, wéi seng Mamm esou en Hobby acceptéiert a sech net ze vill Suerge mécht. Fir de Jules war et vun Ufank u kloer: hie wëll de Flugschäi maachen, seng Mamm war, vue dass hire Papp och schonn geflunn ass, net erféiert. Si sot, dass ee fréi genuch sollt ufänke mat der Fligerei. No engem neien EU-Gesetz dierf ee scho mat 14 Joer eleng fléien ënner Opsicht vun engem Instrukter vum Buedem aus.

An esou ewéi bei Allem gëtt et och déi manner schéi Säite vum Hobby, an dat ass d'Botzen, indispensabel, wat och d'Sécherheet vum Seegler ugeet.

Den Ament dierf de Jules nach kee Passagéier mathuelen, bis en de Schäi ganz fäerdeg huet. Dat ass fir hien elo mol Niewesaach: de Jules ass domadder sengem Dramberuff e Stéck méi no a genéisst all Moment, an deem hie sech fräi ewéi e Vugel fillt, do uewen tëschent de Wolleken.