Den zweeteelste Fils vun der groussherzoglecher Koppel feiert e Mëttwoch säi 36. Gebuertsdag.

De Prënz Félix Léopold Marie Guillaume de Luxembourg, wéi hie mat sengem ganzen Numm heescht, huet 3 Bridder, den Ierfgroussherzog Guillaume, de Prënz Louis, de Prënz Sébastien an eng Schwëster, d'Prinzessin Alexandra.

De Prënz Félix, deen nom Ierfgroussherzog Guillaume a Prënz Charles den drëtten an der Trounfolleg ass, dréit iwwerdeems de Grad vum „Chevalier de l'Ordre du Lion d'Or de Nassau“.

Hien a seng Fra, d'Prinzessin Claire, hunn ee Meedchen an ee Jong. De 15. Juni 2014 ass hir Duechter Amalia Gabriela Maria Teresa zu Lëtzebuerg gebuer ginn. De Prënz Liam ass den 28. November 2016 op d'Welt komm.