Zu Berlin Kreuzberg hu sech e Sonndeg den Owend e puer honnerte Leit versammelt, fir ze demonstréieren a gläichzäiteg ze feieren. Matzen um Landwehrkanal.

Och wann d'Caféen an d'Baren eréischt en Dënschdeg nees zu Berlin opginn, gouf schonn op Päischtsonndeg kräfteg gedronk an der däitscher Haaptstad. Ënnert dem Motto "Ravekultur retten" hu sech eng Abberzuel Berliner versammelt gesat. Ofstandsreegele goufen dobäi net wierklech agehalen an e Mondschutz haten net vill Participanten un.

Aus enger Demonstratioun, zu där d'Kënschtlerkollektiv "Rebellion der Träumer" opgeruff hat, ass séier eng Corona-Party ginn. Wéi op d'Twitter ze liesen ass, hunn d'Berliner d'Victoire iwwert de Coronavirus gefeiert, obwuel een dovun nach wäit ewech ass a Wierklechkeet. De Reproduktiounstaux läit bei eisen däitschen Noperen zanter 2 Deeg däitlech iwwert der kritescher Grenz.