Israelesch Chercheuren hu rezent Spuere vu Cannabis op engem ale reliéise Site vum fréiere Kinnekräich Juda fonnt.

D'Entdeckung ass zanter enger Partie Deeg Sujet an de Medien an op de sozialen Netzwierker an Israel.

Enger Etüd no, déi den 28. Mee vun der Universitéit vun Tel-Aviv publizéiert gouf, ass d'Virléift no der Marihuana Planz zréckzeféieren op d'Bronzezäit. Archeologenm déi de Site vun Tel Arad, an der Wüüst Néguev no beim doudege Mier duerchsicht hunn, sinn net just op Wäirauch gestouss, mä eben och op Trace vu Cannabis.

De Gebrauch vun Halluzinogene war schonn a villen Nopeschkulture bekannt, mä dëst ass den éischte Beweis vun der Substanz am Kinnekräich vu Juda.

Et wier gutt méiglech, datt de Cannabis zu Tel Arad benotzt gouf, fir d'Extase wärend de reliéisen Zeremonien ze stimuléieren, sou d'Chercheuren.

An Israel ass den therapeutesche Gebrauch vu Cannabis erlaabt. D'Police versicht allerdéngs permanent, d'Cannabis-Planzen an den Drogentrafic domadder an de Grëff ze kréien.