Den 13. Mee koum déi traureg Nouvelle, dass de Gregory Boyce a seng Frëndin Natalie Adepoju an hirem Haus zu Las Vegas dout opfonnt goufen.

Um Nuetsdësch an hirer Schlofkummer hätt ee wäisse Pudder fonnt, eng Plastikskaart an e Stréihallem. Séier koum de Verdacht op, wat d'Doudesursaach kéint gewiescht sinn. Dëse gouf elo ronn 3 Wochen nom Virfall bestätegt: d'Koppel ass un enger Iwwerdosis Droge gestuerwen. Dat huet eng toxikologesch Expertis erginn.

Dem Patholog John Fudenberg no si béid wéinst enger ze héijer Dosis aus enger Mëschung vu Kokain a Fentanyl ëm d'Liewe komm.