D'Netflix-Doku-Serie "Tiger King" huet vill Leit virum Bildschierm gefesselt. Elo huet déi Story nach eng Suitte.

E Geriicht zu Oklahoma City huet den Zoo, deen dem Joe Exotic gehéiert huet, senger Äerzfeindin an Déiererechtsaktivistin Carole Baskin zougesprach. Jorelaang huet si viru Geriicht dofir gestridden, fir déi sech Hektar grouss Anlag an hire Besëtz ze kréien. D'Déiere si bei dësem Urteel awer net mat abegraff, déi mussen ëmgesidelt ginn.

Den Joe Exotic, deen eigentlech Joe Maldonado-Passage heescht, gouf am Januar zu 22 Joer Prisong verurteelt, well hien e Mord an Optrag ginn huet an donieft géint Déiereschutzbestëmmunge verstouss huet. Hie soll eben e Killer op d'Carole Baskin ugesat hunn, dat nodeem béid scho jorelaang matenee gestridden hunn. Der Baskin hir Organisatioun Big Cat Rescue huet dem Joe Exotic ëmmer nees Déierequälerei virgeworf.

Obwuel den "Tiger King" zanter Méint am Prisong sëtzt, ass de Privatzoo weider opbliwwen. Et war säi Geschäftspartner Jeff Lowe, deen d'Firma aktuell féiert. Dëst huet d'Geriicht awer net unerkannt. Et war elo d'Coronapandemie, déi dofir gesuergt huet, datt den Zoo seng Dieren huet missten zoumaachen.

Op Netflix gëtt et eng Doku-Serie, déi sech mam Liewen, der Problematik an alles ronderëm den Joe Exotic beschäftegt. Dës ass am Mäerz dëst Joer ugelaf a gouf direkt am éischte Mount iwwer 64 Millioune Mol gekuckt.