Déi jonk Entreprenerin Kylie Jenner (22) ass "Forbes" no dee Star, dee weltwäit am meeschte verdéngt.

Net manner wéi 590 Milliounen Dollar huet déi jéngsten Duechter vum Bruce (Caitlyn) a Kris Jenner bannent de leschten 12 Méint erakritt. De gréissten Deel dovu staamt aus dem lukrative Verkaf vun 51 Prozent vun hirer Kosmetik-Mark un de Coty-Kozern. Zejoert koum déi 22 Jonk al Fra op Plaz 2, dat hannert dem Taylor Swift. D'Sängerin muss sech dëst Joer awer just mat der 25. Plaz zefridde ginn.

Och déi 2. Plaz geet dëst Joer un eng Persoun aus der Kardashian-Famill. Dem Kylie Jenner hire Schwoer, de Kanye West, verdéngt Forbes-Schätzungen no 170 Milliounen Dollar.

© AFP

Direkt dohannert an der Top 5 leien de Roger Federer (106,3 Milliounen), Cristiano Ronaldo (105 Milliounen) a Lionel Messi (104 Milliounen). De Stiermer vun FC Barcelona war lescht Joer de räichste Sportler vun der Welt, dëst Joer ass et de Schwäizer Tennisspiller Federer.

© AFP

Ënnert déi räichsten 10 Celebrities hunn et nach de Schauspiller a Regisseur Tyler Perry (97 Milliounen) gepackt, de Futtballspiller Neymar (95,5 Milliounen), d'US-Radio-Ikon Howard Stern (90 Milliounen), de Basketballspiller LeBron James (88,2 Milliounen) an den Action-Star Dwayne Johnson (87,5 Milliounen).

© AFP

Nieft Sportler a Schauspiller huet et och en Toppmodel an d'Top 100 vun de räichste Prominente gepackt. Op Rang 82 läit dës Kéier d'Heidi Klum mat 39,5 Milliounen Dollar.

© afp

"Forbes" huet eegenen Informatiounen no d'Revenue vu Juni 2019 bis Mee 2020 geschat, dorënner och Recetten aus Reklammen a Merchandising.