D'Corona-Kris ass omnipresent, iwwerall gëtt een un de Virus erënnert... esouguer am Stroosseverkéier.

Engem belschen Automobilist ass et nämlech gelongen, säi Gefier mat enger corona-personaliséierter Plack unzemellen. Den 11. Mee huet den Autofuerer d'Demande beim SPF Mobilité et Transports agereecht, an dat mat Succès! Well näischt Rassistesches oder Homophobes drop steet, wier et kee Grond ginn, d'Ufro ze refuséieren, seet d'Spriecherin vum belsche Service public.  Et géing ee jo kengem verbidden, säin Auto mat der Plack "Gripp" oder "Erkältung" unzemellen. Esouguer "HA HA HA" oder "HI HI HI" goufen net ofgeleent.

1.000 Euro huet den Automobilist fir "COVID-19" missen op den Dësch leeën, de gängege Präis fir eng personaliséiert Immatrikulatioun an der Belsch. Zanter 2014 goufen iwwer 30.000 där Placke bestallt.