D'Gewënnzuele vun der Euro-Millions-Zéiung vum 5. Juni 2020 sinn: 5 / 11 / 17 / 24 / 37 mat de Stären 3 a 6.

E Freideg den Owend hat keng Persoun déi 5 Zuelen an 2 Stäre richteg, domadder ass den Jackpot net erausgaangen. Dofir hunn awer 3 Persoune ronn 211.000 Euro gewonnen, si hate 5 Zuelen an 1 Stär richteg. Dorënner och eng Persoun vu Lëtzebuerg, wéi d'Loterie Nationale eis um Samschdeg de Moie matgedeelt huet.

5 richteg Zuelen haten direkt 11 Leit richteg, si kënne sech iwwert ronn 13.500 Euro freeën.

Fir d'Zéiung vum 9. Juni 2020 si viraussiichtlech 37 Milliounen Euro am Jackpot.

Kontrolléiert hei Är Zuelen!